top of page
  • Writer's pictureWDBNK

Vanill-Kanéil Quitte mat décken Nëss (vegan)

Updated: Nov 23, 2018

Deen heite leckere Quittendessert gëtt giess wann en nach waarem ass. :-D


D’Quitte gi mat engem Kichenduch oder mat der Geméisbiischt vun hirem Flom befreit, an am beschte mat engem grousse Messer a Schläisse geschnidden. D’Quitte gi wa se geschnidde ginn direkt an d’Waasser mat dem Jus vun 1/2 Zitroun geluet, fir datt se nët brong ginn.



De méi stréiege Stronk, d'Kären an den ieweschten souwéi ënneschten Deel ginn erausgeschnidden. Dorausser kann een nach eppes aanescht maan: z.B. eng Sallef oder d’Kären drëschenen fir Téi (fir den Téi just déi Kären huelen déi nët duerchgeschnidde sinn!!). Fir d’Sallef kann ee scho mol alles einfach an en Dëppe geheien, a mat Olivenueleg bedecken. Déi kann een dann och den Dag dono réischt ufänken, sollt ee keng Zäit direkt hun. :-D


D’Quitte gi lo mam Waasser an eng Pan ginn (keng Gosseisern! Dat kritt soss e grujeleche Goût!!), an opgekacht. Dat därf elo 4-5 Minutte kachen. D’Quitte solle mëll ginn, ower nët zerfalen. Da gi se aus der Pan geholl. An dëser ginn elo déi déck Nëss eng Kéier kuerz ugeréischtert ouni dass se Faarw huelen. Dobai kënnt

  • e butzeg bëssen Nossueleg,

  • en halwen Téiläffel Vanille,

  • en halwen Téiläffel Zimt

  • an eng déck Strutz Agavendécksaft oder Apeldécksaft.


Emol gutt duerchgerouert, fléien d’Quitten nees zréck fir eemol duerch ze schwenken an op den Teller ze fléien :-)



0 comments

Recent Posts

See All
bottom of page