top of page

Stollen. Vegan. Lecker.

Writer: WDBNK
WDBNK
Dec 7, 2020
1 min read

An dës Zäit gehéiert einfach e leckere Stollen. Dat hei ass eist ganz einfacht Rezept, ganz planzebaséiert. Dee Stolle kënnt dir entweder direkt iessen, do schmaacht e schonns lecker, oder dir lagert e loftdicht agepak.

Lecker Stollen.

Hei d'Rezept:


  • 200 gr Korinthen ginn 10 Minutten am waarme Waasser ageweecht

  • 260 ml Sojamëllech gi wootlech gemaach a verrouert mat

  • 25 gr Hief a

  • 40 gr Zocker

  • 400 gr Miel

  • 50 gr Gromperemiel

  • 60 gr gemuelen Hieselnëss

  • 4 Tl Flohsamenschalen a

  • 4 Pauzen Salz ginn drëche matenee verrouert. Dobäi kënnt


  • eist Hiefgemësch

  • 2-3 Il Orangebléiewaasser

  • 120 gr Planzebotter

  • 1 Il Orangat

  • 1 Il Zitronat. Dat däerf alles elo gutt 10 Minutten gekniet ginn.


Den Deeg gëtt elo um Bakpabeier ausgerullt. Fir ze fëlle kann een elo einfach

Bak-Marzipan dra gerullt ginn. Well bei eis ower een deen nët gäeren huet, hu mer eng Hieselnoss Fëllung drann verstrach.


Hei d'Rezept fir d'Hieselnëssfëllung:

  • 150 gr Hieselnëss ginn an engem klenge Mixer vermëscht mat

  • 1 Il Orangebléie Waasser

  • 1 Il Rousewaasser

  • 5 Il Pudderzocker

  • 1 décke Strutz Agavendicksaft


Dës Mëschung op dem Deeg versträichen, da gëtt de Stollen zesummegerullt an 1 Stonn zougedeckt goe gelooss.


Duerno gëtt en am Schäffchen bei 160-170 Grad Ëmloft 40-45 Minutten gebak. Wann e fäerdeg ass, gëtt en nach waarm mat


  • Planzebotter bestrach, a wéi sech dat gehéiert, mat uerdentlech

  • Pudderzocker garnéiert.


Nach méi lecker Stollen.

Mhhmm, lo muss ee just nach waarde bis en ofgekillt ass! :)


Vill Spaass, an ee gudden Appetit!

1 Comment


bentiecesav.a.ge54.62
Aug 07

Mình thỉnh thoảng cũng xem mấy bài soi cầu cho vui thôi, coi như một cách tự tập nhìn dàn số và đối chiếu lại cảm giác của mình. Hồi trước hay nghe người quen mách nước rồi ghi bừa, trật thì lại khó chịu, nên giờ mình ưu tiên đọc kiểu có phân tích, có lý do, đúng sai gì cũng rút ra được cách nghĩ. Có dạo lướt thấy https://soicauxsmb.pro/ họ nói nhiều về chuyện chọn lọc theo chu kỳ, mình thử làm theo kiểu “gạn bớt” chứ không đặt niềm tin tuyệt đối, thấy tâm lý đỡ bị kéo theo cảm xúc hơn. Mình vẫn nghĩ mấy thứ này chỉ nên xem như tham khảo, tự đặt…

Like

Join our mailing list for updates, events and recipes

©2018 by WDBNK

  • Facebook Social Icon
  • YouTube Social  Icon
  • Pinterest Social Icon
  • Instagram Social Icon
bottom of page