top of page
  • Writer's pictureWDBNK

Quitten Heelsallef (vegan)

Fir Quittesallef ze maachen benotzt een d'Reschter déi beim Quittekache souwisou ufalen. Fruucht, Kären a Gréngs därfe mat drann. Eng praktesch Notzung vun eiser Planz vum Mount Oktober 2018. ;-)

Hausmaacher Quitten-Heelsallef

Déi ginn dofir an en Dëppe ginn a mat Ueleg iwwergoss bis alles bedeckt ass.



Dat Ganzt gëtt elo emol opkache an da 3 Stonnen ofkillen gelooss. Da gëtt ët nees opkache gelooss an dann ofgesait.

Dobäi kann een elo checken wéivill Ueleg een gebraucht huet fir d’Quitten ze bedecken. Bei mir woren ët 293 Ml. Ech hunn dunn einfach mat 300 Ml gerechent. ;-)


Caranauba Wuess

Pro 100 Ml Ueleg kommen 8 Gramm Caranauba Wuess drann. D’Hëtzt misst lo duergoen dass de Wuess gutt schmëlzt. Soss muss een nach e bëssi hëtzen.

An Dëppercher gefëllt hällt sech déi Sallef locker 6 Méint.



Si ass geeegent bei Hautreizungen, bei rëssege Lëpsen, bei liichte Verbrennungen, an duerch de liicht sauere PH-Wäert als Fraen-Intim-Sallef.


An hei kënnt Dir Iech dann och direkt den Etiketten-Template eroflueden. ;-)

0 comments

Recent Posts

See All
bottom of page