Säftegt Banannebrout
Updated: May 3, 2020
Wéi ech laanscht den Uebstkuerf gaange sinn, do si mir 4 vill ze vill zeideg Banannen opgefall. Déi hu schon quasi gejaut fir Banannebrout ze ginn. :)

Also gemixt, gebak.
Hei da fir Iech d'Rezept vun eisem einfache, séiere Banannebrout.

Duerfir hu mir
250 Gr Miel
75 Gr Rohrohrzocker
2 Tl Bakpolver
1 Pauz Salz
40 Ml neutralen Ueleg
30 Gr Planzemargarin (Wann dir nëmmen dat eent oder anert Fett hutt, huelt einfach 70 Gr Margarin oder 75 Ml Ueleg)
1/2 ausgekraatzte Vanillschot
4 iwwerzeideg Banannen
60 Ml Planzemëllech (Ech hat Huewer)
1 Tl Kanéil
1 Tas gehackte, gemëschte Nëss (optional)
200 Gr Hermann-Deeg (deen ass optional, mee mir hun een ugesat dee wëll verschafft ginn, an dee flitt lo bal iwwerall mat dran :) )
geholl.

Dann hu mir d'Bananne an de Mixer mam Deeg-réier-Asaz gehäit, a mat deem ganze Rescht zu engem schéinen Deeg verréiert. Dann d'Form gefett, gemielt an den Deeg dra geschott.
D'Schossel huet da sou ausgesinn. :) (Hu vergiess eng Foto vum Deeg an der Form ze maachen.)

Den Uewen op 180 Grad Ëmloft gewiermt, an d'Banannebrout fir 50-60 Minutte gebak. No 50 Minutte mol dra gepickt fir ze kucken ob et duerch ass. Huet nach 6 Minutte gebraucht.
Dunn hate mir ee säftegt, leckert Banannebrout, dat mir nom Baken nach 10 Minutte hu misse kucken,ir mir et kunnten uschneiden.

E gudden Appetit! :)





Mình xem xổ số miền Bắc cũng được một thời gian, chủ yếu cho vui và để cảm nhận chút hồi hộp mỗi lần chờ kết quả. Mình không quá đặt nặng chuyện trúng hay trật, mà hay ngồi đối chiếu các dãy số hay xuất hiện, thử xem có gì lặp lại không. Có lúc mình còn ghi ra giấy vài hôm liền, rồi nhận ra có ngày bạch thủ nhìn “mượt” thật, nhưng cũng có đợt lệch hẳn làm mình tỉnh ra là khó mà chắc chắn. Riêng XSMB thứ 4 thì mình thường để ý kỹ hơn vì đúng hôm mình rảnh, có thời gian ngẫm cầu kèo và đọc thêm ý kiến của mọi người. Nói…