top of page
  • Writer's pictureWDBNK

Hermann-Deeg

Fir vill vun eis ass den Hermann-Deeg een Deel vun eiser Kandheet - op eemol hat d’Bom en, da krut d’Mamm en an herno hat esou zimmlech jiddereen aus der Famill een Hermann doheem. An op eemol gouf gebak ewéi geckeg. :)


Den Hermann ass eigentlech einfach ee séisse Sauerdeeg deen ee ganz einfach selwer kann usetzen. Duerfir ginn

  • 100 Gr Weessmiel

  • 2 IL Zocker

  • 2 TL Drëchenhief

  • 150 Ml wootlech Sojamëllech (Waasser geet och)

an enger Schossel mat engem hëlzene Läffel verréiert. Den Holzläffel ass wichteg fir dass den Deeg eppes gëtt.


Dann den Deeg an ee Glas fëllen an en Duch mat engem Lastik drop festmaachen, well den Deeg produzéiert Gas an do kéint e mol de Behälter platzen dinn. No zwee Deeg huet den Hermann schonns lëschteg ugefaange mat Blubberen. Wann een dru richt, da richt et schonns e bësse sauer. Dat ass den Ufank, an den éischten Dag hunn ech e roue gelooss. An dann

  • 2. Dag: dra réieren (ëmmer mat Holzläffel)

  • 3. Dag: dra réieren

  • 4. Dag: dra réieren

  • 5. Dag: Fidderen! :D 100 Gr Weessmiel, 150 Gr Zocker, 150 Ml Sojamëllech - gutt aréieren.

  • 6. Dag: dra réieren

  • 7. Dag: dra réieren

  • 8. Dag: dra réieren

  • 9. Dag: dra réieren

  • 10. Dag: Fidderen: 100 Gr Weessmiel, 150 Gr Zocker, 150 Ml Sojamëllech - gutt aréieren.

An dann ass et endlech esou wäit! Den Hermann ass fäerdeg.Den Deeg gëtt a 4 gedeelt, 200 Gramm dovu ginn gehalen als neien Usaatz, de Rescht gëtt verbak, agefruer oder verschenkt. Fir weiderzefueren fänkt een dann einfach nees beim Dag 2 un. Fréier war et bei eis ëmmer sou: Mat zwee Deeler baken, ee weiderfleegen an ee Stéck mam Rezept verschenken. Wichteg ass all Dag dran ze réieren fir datt Loft un den Deeg kënnt an e keen Essegstach kritt. Sollt den Deeg e bëssen no Alkohol richen, dann as dat normal - d’Bakterien an Hiefen wandelen den Zocker zum Deel an Alkohol ëm. ;) Rezept fir den Hermann ze benotzen:


Supersäftegen Hermann-Apelkuch

  • 200 Gr Hermann

  • 200 Gr Miel

  • 100 Gr gehackten Nëss

  • 100 Gr Zocker

  • 2 Iessläffel Sojamiel / Süsslupinemiel oder Vegg Egg

  • 200 Ml Sojamëllech

  • 100 Ml Ueleg

  • 1 Pak Vanillszocker

  • Salz

  • 1 Pak Bakpolver

alles matenee verréieren an an eng ausgefett a bemielte Bakform ginn. Dann

3 gedeelten an ageschnidden Äppel drop verdeelen.

Bei 160 °C Ëmloft däerf deen 50 Minutte baken.




0 comments

Recent Posts

See All
bottom of page