top of page

Naan Naan Naan Naan... Batman! Rezept fir veganen Naan.

Writer: WDBNKWDBNK

Wie schonns eemol indesch giess huet, wees wat Naan ass. Et ass dat leckert Flaachbrout mat deem een déi wonnerbar Zoossen, Zoppen a Curryen ësst. Hei hutt Dir elo d'Rezept fir et selwer ze maachen. An zwar vegan! :-D Dat pass super bei eisen Dal. Fannt dat Rezept hei.




An hei ass alles wat Dir duerfir braucht:


  • 150 g Kokosjughurt

  • 150 ml wotlecht Waasser

  • 500 g Miel

  • 1 Il Salz

  • E pak Hief

  • Ueleg


D’Hief gëtt am Waaser opgeléist an 10 Minute stoe gelooss.


An eng Schossel kënnt d’Miel, d’Salz an de Kokosjughurt. Dat gëtt gutt mat der Waasser-Hiefmëschung gemëscht an nees 30 Minutte stoe gelooss.


Fir den Naan elo auszerullen huelen ech ëmmer Ueleg a kee Miel. Ueleg un d’ Hänn, op d’Aarbechtsplack an op den Deeg.



Et gëtt eng kleng Knupp Deeg geholl, an ausgerullt. 

Drop kennt den Topping no Choix, ausser d'frësch Kraider: déi kommen zum Schluss. 

Da gëtt d’Brout an enger Pan gebroden. Ouni Fett, well scho genuch Ueleg um Deeg ass.

D’Hëtzt soll nëtt ze héich sinn: Ech hu meng Plack ob 7 stoë wann ech dat maachen.


Et gesäit ee wéi den Deeg an der Pan Blose geheit, an en nët méi réi uewen drop as. Da gëtt den Naan gedréint :-)

An dann ass en och scho geschwë fäerdeg :-)



Fir op den Naan, je no Goût:

  • Knuewelék

  • Schwarzkümmel

  • Koriander

  • Peffermënz

  • Chilli…



 


Comments


Join our mailing list for updates, events and recipes

©2018 by WDBNK

  • Facebook Social Icon
  • YouTube Social  Icon
  • Pinterest Social Icon
  • Instagram Social Icon
bottom of page