top of page
  • Writer's pictureWDBNK

Dal - lecker indesch Lënsenzopp (vegan)

Updated: Jun 21, 2018

En Dal ass eng lecker Lënsen-Zëppchen, déi och nach ganz einfach zoubereet ass :-) D'Rezept fir den Naan fannt dir hei.




Et ginn 300 Gramm giel Lënsen an 1,5 Liter Waasser opgesat a kache geloos.

No 10-15 Minuten sinn se fäerdeg. An déi brauche mer, well an den Zutate fir eisen Dal stinn se dran. ;-) 


2 Lorberblieder, Muskat, Koriander, Kardamom, Ingwer, Kurkuma, Neelcheskäpp, Kanéil

Dat hei ass wat mir brauchen:


  • 300 g giel Lënsen

  • 4 Zéiwe Knuewelék

  • 2 Lorberblieder, Muskat, Koriander, Kardamom, Neelcheskäpp, Kanéil (Oder ersatzweis 1 décken Iessläffel Garam Masala)

  • Ingwer 

  • Kurkuma

  • Kreuzkümmel

  • Chilli

  • Peffer 

  • Salz

  • Kokosueleg


De Knuewelék gëtt an dënn Scheiwe geschnidden an an engem décke Läffel Kokosueleg op mëttlerer Hëtzt ugebroden. Dra kënnt de Kreuzkümmel, an déi reschtlëch Gewierzer.



Wann ee gesäit dass de Knuewlék ronderem de Rand eng gëlle Faarw kritt, ginn d’Lënsen mam Kachwaasser dra geschott. Dat däerf elo 3 Minuten zéien. Et gëtt mat Salz ofgeschmaacht, a mat frësche Kraider bestreet zervéiert.



Mmhh, schmaacht wéi beim Lieblings-Inder :-)


 


0 comments

Recent Posts

See All
bottom of page