top of page
  • Writer's pictureWDBNK

Gedeckte Äppelkompott-Taart mat Mohn (vegan)

Updated: Sep 7, 2018



Hei dann dat nächst Rezept mam Apel, eiser Planz vum Mount September 2018 op www.WatDeBauerNetKennt.lu .

Fir dës lecker Taart gëtt fir 't éischt en Hiefdeeg gemaach.

Duerfir gëtt e Pak Drëschenhief an 250 ml wootlechwaarmt Waasser a 4 déck Iessläffelen Kokosbléienzocker gerouert. Dëst därf e bëssi stoen, da gesäit een op d’Hief nach gutt ass. An deem Fall entsteht nämlech Schaum, wann nët huet ee besser et mat engem anere Pak Hief nach eemol ze probéieren.



An enger Schossel gi 500g Miel, mat enger Pauz Salz, an zwee déck Iessläffele Kokosueleg vermëscht. Da gëtt d’Hiefmëschung dragerouert, an den Deeg gëtt e bëssi gekniet. Deen därf lo 1 Stonn rouen. 


Déi Zäit gëtt e mëttelgrousst Dëppe voll Äppel geschielt, a Stécker geschnidden, a mat engem Glas Waasser, engem Grapp Zocker an e bëssi Kanéil +-15 Minutten zu Kompott gekacht. Ech fueren dann emmer eng Kéier mat engem Gromperestampfer derduerch.


Duerch de Kokosueleg am Deeg brauch ee kee Miel beim Ausrullen. D’Hallschent gëtt ausgerullt, fir an d’Form ze drécken. Verreiwt e Läffel Kompott um Deeg. Do drop kennt eng dënn Schicht Mohn.



Doropper gëtt Iessläffelweis de Kompott verdeelt.



Fir den Deckel gëtt den Deeg ausgerullt, a versat ageschnidden, sou dass wann een en ophieft, eng Zort Netz entsteht. 



Dat gëtt iwwert de Kuch geluecht an dat wat zevill ass erofgezun. Do kann een dann nach eppes anescht draus maachen. :-)



Am Schäffchen gëtt de Kuch bei 180 °C 30 Minutte gebak. Wien Ëmloft plus Ënnerhëtzt huet kann dee profitéieren :-) Da gëtt den Buedem schéi knusprech :-)

Driwwer passt exzellent e Coulis aus 1 Téiläffel Rousewaasser agerouert an 1/2 Tas däischteren Agavendicksaft oder Ahornsirup.


Lecker!

Ommnommnomm! Eng wierklech lecker Taart! :-D

0 comments

Recent Posts

See All
bottom of page