top of page
  • Writer's pictureWDBNK

Den Apel - Planz vum Mount September 2018

De September as de Mount vum Uebst ;-)

Vu Biren bis Quetschen, déi lescht Mirabellen, Piijen an déi éischt Äppel. Dëst Joer ass eis Planz vum Mount dann och den Apel.



E kënnt natierlech wëll vir, gëtt haut awer och weltwäit ugebaut. An der Jongsteenzäit goufen déi wëll, kleng sauer Äppelcher gesammelt. An der Antik gouf ugefaangen Kulturzorten ze ziichten. 1880 woren 20 000 Zorten weltwäit a Kultur, 2500 alleng an Däitschland. Haut fënnt een wéinst der Wirtschaftlechkeet an dem groussfächegen Ubau an de Buttécker 30 - 40 Zorten, Tendenz leider senkend. De wëllen Apel eegent sech duerch seng Saiert haaptsächlech fir en zu Jus oder Gebees ze verschaffen. Wee kennt och nët de Satz: "an apple a day, keeps the doctor away" :-),  géint Duerchfall wierkt den Apel duerch de Pektin, wann e geriwwe gëtt ass en dann och nach besser verdaulech.  Woubäi e ganz giess éischter offéierend adstringéieren a keimdeedend ass. Etlech Studie kommen zum Schluss, dass de regelméissege Genoss vum Apel, besonneg als dréiwe frëschen Äppeljus, kriibsvirbeugend ka sinn duerch de Pektin a Polyphenole wéi Quercetin. E soll de Risiko vun Herz a Gefässerkrankungen, Longefunktiounsstéierungen an Diabetes mellitus reduzéieren.


Allt nees e Medikament dat schmaacht. ;-)


Freet Iech op lecker Rezepter mam Apel am Mount September. :-D

0 comments

Recent Posts

See All
bottom of page