Gebakenen Apel mat Thymian-Berberitzen
Nammnamm! :-D
Gebakenen Apel ass esouuuu lekker! An et ass och d'Planz vum Mount September 2018 bei www.watdebauernetkennt.lu . ;-)

Dës Kéier präparéiere mer se mat gedrëchenten Berberitzen. Déi fléien einfach an eng Schësselchen mat Agavendicksaft. Dra geréiert ginn 3 ofgestrache Stillercher Thymian.

D’Äppelcher gi mat engem Batzausstiecher duerchlächert ;-) a mat der Präparatioun gefëllt.

Am virgeheizte Schäffchen därfen se brutzelen bis se schéin duerch sinn. Dat hänkt allt nees vum Apel of, wéi lang se brauchen… +-30 Minutten.
Zum Schluss därfen dann nach e puer geréischtert Sonneblummekären driwwer.

D’Berberitze, Berberis Vulgaris de gewéinleche Sauerdorn ass en heemesche Strauch vun deem am Hierscht déi lecker Friichten gesammelt ginn. An de Friichten sinn: Carotinoide, Fruchtsäuren, vill Vitamin C, Zocker a Pektin. Opgepasst an de Blieder an am Holz sinn Alkaloiden, duerfir sollen déi nët verwäert gin! Am léifsten gëtt aus dem Sauerdorn Gebees gekacht, oder e gëtt gedrëchend.