top of page
  • Writer's pictureWDBNK

Eechel-Flames (Flammkuchen) mat Biren (vegan)

Eigentlech ass esou ee Flames ultraschnell geschitt (wann een d'Hierstelle vum Miel net matarechent... ;-) ) :



D’Rezept ass gerechent fir 1 grousse Flames, also beliebeg vill dovunner maachen :-)

Den Deeg gëtt knuspreg an ass duerch den Undeel un Eechelmiel eppes ganz Extraes :-) Ët ass schued datt een d’Eechelmiel nët laang ka lageren. Soss géif ët esou eppes ëfters ginn :-D


Fir den Deeg ginn


  • 70 Gramm Eechelmiel

  • 150 Gramm Weesmiel

  • 100 ml Waasser

  • 1 Téiläffel Salz an

  • 3 Iessläffelen Ueleg mateneen vermëscht an ausgerullt.



Fir “d’Zooss” gëtt en décken Iessläffel Hanfsom mat

  • 2 Iessläffelen Cashew

  • de Jus vun enger halwer Zitroun

  • Salz a Peffer, an

  • 1/2 klengt Glas Waasser reng gemixt



E gudden Deel gëtt iwwert den Deeg geschott, an de Rescht dovu wann se fäerdeg ass e bëssi driwwer gedrëpst.



Garnéiert gouf se hei mat frëschen Ënneréng an Bireschläissen.


Am Schäffchen gëtt dat Ganzt 6 Minutte gebak. Bei voller Ënnerhëtzt an Ëmloft um Buedem vum Schäffchen.


Da frësch geschnëppelte Péiterséilech (an de Rescht Zooss) driwwer, a ragefeiert! :-D


0 comments

Recent Posts

See All
bottom of page