top of page
  • Writer's pictureWDBNK

Mukkefuk Masala


Eechel-Sammelzäit, ass Mukkefuk Zäit ! :-)



Obwuel d’Schielen vun den Eechelen nët onbedengt zu menge Lieblingsbeschäftegungen zielt, gehéiert sou ee Mukkefuk ower zum alljoerlëche Ritual! :-D



D'Eechelen ginn hei ganz brachial mam Hummer beschafft fir se ze schielen, an dann iwwer Nuecht an d’Waasser geluecht. E puer vun de battere Gerbstoffer verschwannen esou. Déi Prozedur ka lo widerholl gin, je no Virléift vu Battert. Wann um Enn vum Dag d'Waaser kloer ass, da sinn d'Gerbstoffer raus. Bei mir geet fir de Mukkefuk eemol duer.



Di ageweechten Eechelen, gi mat engem Duch gutt ofgedreschend, an an enger Pan ouni Ueleg ugebräunt. Een Deel gëtt erausgeholl fir komplett ausdrechnen ze loossen, an deen Deel dee mer direkt brauchen gëtt nach eng Grëtz méi reng gemuel a weider an der Pan op mëttlerer Hëtzt gebräunt.



Dobäi flitt eng Kapsel Kardamom, e bëssi Kanéil, zwee Neelcheskäpp, e bëssi Ingwer (ech hat just nach Polfer, dat geet och), an zum Schluss e bëssi Muskat. Wann alles schéin donkel brong (nëtt schwaarz) ass, fléien zwee Glieser Waasser an d’Pan fir ofzeläschen, an da kënnt dat Ganzt och schonns direkt an de Kaffiskrou.



Lekker schmaacht natiirlech och eng opgeschäimten Kokosmëllechhauf drop. :-)



Fir e lekkert Eechelmiel fir ze baken, widerhëllt een dee Schratt mam Aweechen am beschten nach op mannst 3-4 Deeg. Waasser ofschedden an Neies drop.

Bei den nativ Amerikanësche Vëlker wor et üblech d’Eechelen ze sammelen an an engem Kuerf 7 Deeg an d’fléissend Waasser vun engem Floss ze hänken. Sou sinn d'Gerbstoffer da richteg ausgewäsch ginn. Mat där Prozedur kann een dann alles mat den Eechele maachen, se zu enger Past püréieren (Kann een dann afréieren), als Geméis kachen oder och als Miel benotzen. Eechelen hunn immens vill Energie a Form vu Stäerkt, Zocker a Proteinen: 45% ! Da sinn nach 15 % Ueleger dran. Dat mécht doraus e super Miel an e Powerfood! :-D

0 comments

Recent Posts

See All
bottom of page