top of page

Defteg Äppelmielkniddelen (vegan)

  • Writer: WDBNK
    WDBNK
  • Sep 4, 2018
  • 1 min read

D'Äppelzäit ass do! Endlech kann een nees an de Bongert rafe goen. :-D


ree


Haut ginn ët defteg Äppelmielkniddelen mat Räuchertofu. Eng ganz extra Variant vum ale Klassiker!


Fir den Deeg ginn

  • een Apel,

  • 2 Iessläffelen Chiasom,

  • 1/2 kleng Schësselchen Hanfsom,

  • 1 Iessläffel Salz,

  • Muskat an

  • 1 Liter Wasser

am Supermixer gemixt. Duerno gëtt no an no souvill Miel ënnergerouert bis en décken, zéiegen Deeg entsteht. An enger Pan ginn e Pak Räuchertofu, eng Ënn an dräi geschnippelt Äppel ugebroden. Da gëtt gesalz, gepeffert an um Schluss mat Agavendicksaft ofgeschmaacht.


ree

Fir d’Kniddele soll d’Waasser eng Kéier opkachen. Da gëtt rofgedréint, fir datt et net méi spruddelt wann d’Kniddele läffelchersweis dra kommen. Soss zerfatzen se. ;-)


ree

Wa se ropschwammen, nach ongeféier 5 Minutte kache loossen. Schmaacht un deem engen oder aneren, net datt se banendran nach knätscheg wieren.Wa se prett sinn, huelt se mat engem Schaumläffel aus dem Waasser.


D’Kniddele ginn elo mat den Äppel a mam Tofu aus der Pan vermëscht a mat frëschem Bratzel, Péiterséilesch a Rucola iwwerstreet. Da gëtt mat Hanfueleg ofgeronnt a mat frësch geréischterte Sonneblummekäeren iwwerstreet zerwéiert.


ree

Comments


Join our mailing list for updates, events and recipes

©2018 by WDBNK

  • Facebook Social Icon
  • YouTube Social  Icon
  • Pinterest Social Icon
  • Instagram Social Icon
bottom of page