top of page
  • Writer's pictureWDBNK

Brennnessel-Baba Ganoush (vegan)

Zäit hei mol eist Rezept fir leckere Brennnessel-Baba Ganoush mat Iech ze deelen. Dat Ganzt ass liicht ze maachen, an ee Plus op all Buffet oder bei Falafelen.



Alles fänkt u mat


  • 1 kg Auberginnen



Déi gi mat der Fourchette agepickt an am Schäffchen 40 Minutten bei 200 Grad gebak.



  • 1 Passette voll Brennnesselspëtzten fléien mat

  • 1 Zéif Knuewelék,

  • 1 gudden Iessläffel Sesam-Tahin

  • Peffer a Salz

  • engem klenge Schotz gudden Olivenueleg

  • 1 Pauz Kreuzkümmel

  • 1/2 gedrëchenter Chillischot

  • an dem Jus vun 1 Zitroun an de Mixer.

D’Auberginne ginn aus hirer Haut getrennt an zesumme mat de reschtleche Saache gemixt.




  • Fir ze Zervéieren kënnt nach

  • e klenge Schotz Olivenueleg, a

  • gehackte frësch Peffermënz

dobäi. Wien ët gäer schaarf huet, kann nach e bëssi

  • Chilliflacken

driwwer ginn. Gudden Appetit! :D

0 comments

Recent Posts

See All
bottom of page