top of page
  • Writer's pictureWDBNK

Mezze (vegan)

Wann et Mezze gëtt, dann heescht dat fir mech ëmmer en Dësch voll Lieblingsiessen :-)



Jiddereen hëllt sech da vun allem, oder just vun deem wat en am léifsten huet. Eng super Entrée!


Fir dräi Leit déi gutt wëllen iessen braucht Dir soss näischt méi ze servéieren. Da geet dat als Haaptplat duerch. Soss ass dat hei genuch fir 6 Leit, als Entrée.


Et ginn dausende Varianten. Dobäi passt jo zum Beispill och super eng Péiterséilech Zalot (Hei de Link zum Rezept "Péiterséilech-Päerdsbier-Zalot" - zu dëser Joreszäit sinn natierlech keng Päerdsbieren do, mee déi ass och gutt ouni.;-) ).


Haut hate mir:


Auberginne-Püree - Moutabal (och Baba Ganoush) :



4 Auberginne ginn op enger Säit mat enger Forschette agepiikst, an am Schäffchen bei 200 Grad mëll gebrutscht.



Duerno mat

  • dem Jus vun 1/2 Zitroun,

  • Peffer,

  • Salz,

  • enger butzeger Grëtz Kreuzkümmel,

  • enger Zéif Knuewelék an

  • engem décke Läffel Tahin

gemixt.



Zervéiert gëtt e mat Olivenueleg a Peffermënz.



Gebotschte Koriander-Gromperen - Batata di Kezbera



An engem Dëppen mat Ueleg ginn op mëtteler bis niddreger Hëtzt

  • déi réi a Würfelcher geschnidde Gromperen (+- 1,5 kg) zesumme mat

  • engem Iessläffel gemuelene Koriandersom

  • e bësse schaarfem Paprika

  • a Salz

gebootscht.



Sinn se zeideg fléien se an eng Schossel.


An dem selwechten Dëppen gëtt

  • eng Zéif Knuewelék ugebroden,

  • mat dem Jus vun enger Zitroun an e

  • ngem décke Schotz Ueleg,

  • Peffer Salz

  • a frëschen Péiterséilech

verréiert an iwwert Grompere ginn.



Wann der des hutt, da street nach frësche Koriander driwwer.




Grompere-Spinat-Bouletten - Kibbeh



6 Grompere gi mëll gekacht, a mat

  • engem décke Grapp frëschem Spinat,

  • Peffer,

  • Salz

  • enger Zéif Knuewelék,

  • engem klenge Grapp décken Nëss,

  • an enger klenger Tas réiem Couscous

gemixt.



Dat wierkt duerch déi gemixte Gromperen ob den éischte Bléck papeg, mee keng Suerg: de Couscous saugt sech lo mat Flëssegkeet voll, a mécht e festen Deeg. Dofir soll dësen 10 Minutte stoen.



An enger Pan mat Ueleg ginn da mat 2 Läffele gedréinten Nocken vun dësem Deeg dra gesat, a gëlle brode gelooss.




Kabes Zalot - Salatit Malfouf



De wäisse Kabes gëtt iwert eng Mandolin geriwwen, a mat

  • enger Vinaigrette aus 1 Iessläffel gedrëchente Peffermënz,

  • dem Jus vun 1/2 Zitroun,

  • 4 Iessläffelen Ueleg,

  • Peffer an

  • e butzegt bësse Salz vermëscht.



Fäerdeg.



Gebrode Bounen Zalot



Di gréng Bounen gi gebotzt a 4 Minutten am kachende Waasser blanchéiert. Dann Ofschëdden, d'Dëppen eemol auswëschen, an an deem selwechten Dëppen ginn d'Bounen da mat Ueleg an enger geschnëppelter Ënn mëll brode gelooss. Dotëschent heiansdo ëmréieren.

Gesalz gëtt eréicht zum Schluss.



Driwwer kënnt eng Vinaigrette aus

  • 2 Iessläffelen Äppelbalsamico,

  • 4 Iessläffelen neutralen Ueleg,

  • Peffer,

  • Salz,

  • 1/2 Iessläffel Peffermënz,

  • 1/2 zerdréckten Zéif Knuewelék a

  • geréischtertem Sesam.



Tomaten



4 Tomaten oder eng Schësselche voll Kiischtentomaten gi geschnëppelt, a mat

  • 1/2 Zéif zerdrécktenem Knuewelék,

  • 1/2 kleng gehacktener Ënn,

  • 1/2 Téiläffel Kreuzkümmelsom,

  • dem Jus vun 1/2 Zitroun,

  • 2 Iessläffelen Olivenueleg,

  • 1/2 Téiläffel Agavendicksaft,

  • Peffer a Salz

verknätscht.



Bäm! Fäerdeg.


Räis mat gebrodenen Ënnen



Eng klenggeschnëppelt Ënn gëtt am Ueleg brong brode gelooss. Dobäi kënnt eng grouss Tas Räis, dann 2 Tase Waasser an en Téiläffel Salz. Nom Opkachen däerf de Räis da mat zouenem Deckel ob niddereger Hëtzt (1-2) fäerdeg zéien. Méi ass et net. Mee wat ee Goût!

0 comments

Recent Posts

See All
bottom of page