top of page
  • Writer's pictureWDBNK

Liicht a séier Choufleurs-Hanf-Zëppi

Haut gëtt et lecker Süppchen. :-) Mir hate grad Choufleurs-Schnitzelen, an do ass eppes ofgefall.


Eng Zopp ass eppes Leckeres, besonnesch Owes schmaacht déi ëmmer gutt, wëll se nët sou schwéier um Mo läit. :-) Well ee mat engem Highspeed-Mixer d’Geméis nët méi brauch kléng ze schnëppelen, bedeit dat dann och guer kee groussen Opwand méi :-)


et brauch een:

  • 3 Gromperen

  • e Kapp Choufleur

  • 2 Schalotten

  • 1 wäiss/giel Muert (wann een där keng fënnt, kann een déi och einfach ewechloossen)

  • 3 Wakelter

  • Geméisbrittpolver

  • Muskatnoss

  • 1 kleng Tas Hanfsom, dëss ersätzt de Rahm.

  • Panéiermiel

  • Kraut no choix (z.B. Rosmarin, Péiterséilech, Dëll)

D’Geméis gëtt geschielt, mat Waasser bedeckt a mam Brittpolfer gekacht. D’Neelcheskäpp, de Wakelter an d’Lorberblieder kommen an en Téi-Ee dat an d'Zopp geluecht gëtt.


Dat Ganzt gëtt gekacht bis et mëll ass, an da mam Hanfsom crèmeg gemixt.


Fir den Topping gëtt Panéiermiel am Olivenueleg an der Pan ugebroden. Da kommen den Chilli an d'Kraut mat dran, eng Kéier duerchgeschwenkt an da beim Zerwéieren iwwert d'Zopp gestreet. Verdeelt um Schluss nach een Téiläffelchen Ueleg uewendriwwer.


Mhmm!

0 comments

Recent Posts

See All
bottom of page