top of page
  • Writer's pictureWDBNK

Choufleurs-Schnitzel mat fruchteger Courgettenzalot (vegan)

Updated: Jul 18, 2018

Mir hunn an eisem wëlle Gaart Choufleuren, a wéi dat oft esou ass bei Geméis: Wa se zeideg sinn, da sinn se all mateneen zeideg. Dann heescht et sech eppes afalen ze loossen, fir datt et Mëttes net langweileg gëtt.


Haut maache mir aus dem Choufleur panéierte Schnitzel. Dobäi gëtt et eng fruchteg Zalot aus Courgetten.



Schneit äre Choufleur genee duerch d'Mëtt. Duerno schneit dir vun all Halschent e Schnitzel of, deen duerch de Stronk zesummegehale gëtt. Mam Rescht vum Geméis maache mir eng Zopp.


Huelt elo:


Alles an eng Schossel, an da Waasser dobäi bis datt et e schéine crèmegen Deeg gëtt.


Zappt elo äer Choufleurs-Schnitzelen an den Deeg, an duerno a Panéiermiel. Maacht an enger Pan Ueleg waarem, a setzt d'Pan dann op mëttel Hëtzt. Do kommen d'Schnitzelen dran. Se solle lues goen, de Choufleur muss jo duerchginn, ouni datt d'Panade verbrennt.


Déi Zäit huelt dir eng Courgette a spiraliséiert se mat engem Spiralschneider.


Fir d'Vinaigrette huelt dir

  • en Téiläffel Moschter

  • 4 Iessläffel geschmaachsneutralen Ueleg

  • 3 Iessläffel Esseg

  • Salz a Peffer

  • E bëssen Agavendicksaft (jee no Goût)

  • eng Zéif Knuewelék (gepresst)

  • an d'gehacktent Gréngs vun enger Fréijorsënn


Denkt drunn d'Vinaigrette réicht kuerz vium Zerwéieren op d'Courgetten ze maachen. Soss zitt déi Waasser. Hei kommen dann och nach frësch Friichten aus dem Gaart driwwer: Kréischelen, Molbieren, a Fielsebieren.


Ei! Lecker!


E gudden Appetit!



0 comments

Recent Posts

See All
bottom of page