top of page

Äppel-Rouse-Muffins (vegan)

  • Writer: WDBNK
    WDBNK
  • Sep 8, 2018
  • 1 min read

Dëst Rezept verschafft d’Reschter vum gedecktenen Apel-Mohn Kuch. Praktesch, praktesch... ;-)

ree

De Rescht Hiefdeeg, sou +- 6 Walnossgrouss Bullen, ginn a Muffinformen gedréckt.

Drop kënnt jeweils en Téiläffel Äppel Kompott.

Fir d’Rousen gëtt en décken Apel mat der Schuel iwert eng Mandolin geraspelt.

ree

Fir datt d'Scheiwercher net brong ginn, raspelt se direkt an en Teller an deem der de Jus vun 1/2 Zitroun mat engem Schotz Waasser gemëscht hutt.

Da ginn op engem Teller 3 Reien Äppelscheiwen iwwerteneen drappéiert an dann zesummegerullt.


ree

Stiecht dat dann elo an den Deeg.


ree

Gebak gëtt dat Ganzt 15 Minuten bei 180 °C.


ree

Als Coulis gëtt 1 Téiläffel Rousewaasser an eng 1-2 Tas däischteren Agavendicksaft gerouert. Alternativ geet natirlech och an en Ahornsirup oder Caramel.

Am bäschte schmaachen d'Tärtercher frësch a waarm :-)


ree

Lecker, lecker! :-D

Comments


Join our mailing list for updates, events and recipes

©2018 by WDBNK

  • Facebook Social Icon
  • YouTube Social  Icon
  • Pinterest Social Icon
  • Instagram Social Icon
bottom of page