An der Wiss steet alles voll mat wonnerbare Pissblummen. Och wann dës scho bléien, kann een nach ëmmer vum Gréngs profitéieren :-) Am allerléifsten hunn ech se mat wootleche Gromperen als Zalot :-D Nammnamm!
Gesammelt hu mir d’Blieder an e puer zoue Bléieknäpp vun der Pissblumm. D’Bléienknäpp leeën ech da kuerz an e bëssi Esseg.
D’Grompere ginn am Salzwaasser gekacht, a wärend där Zäit preparéieren ech d’Vinaigrette aus:
2 Zitrounen
1 Läffel Moschter
1 zerdréckten Zéif Knuewelek
Peffer a Salz
1/2 kleng gehackten Ënn
frësch Kraider (haut wor dat Bratzel, Bärlauch, Sauerampel)
an e Schotz Ueleg
Wat ech duerno nach brauch:
Räuchertofu
Kürbiskären
1/2 kleng gehackten Ënn
Pissblummeknäpp
De Räuchertofu gëtt kleng geschnidden an ugebroden, dobäi kënnt di aner Halschent vun der Ënn (ech hunn dee Goût vun der réier a gebrodener Ënn zesummen immens gären ;-) )
Dodra fléien dann och nach di ofgedrëpst Pissblummeknäpp. No enger Minutt kommen dann nach d’Kürbiskären dobäi.
Wann d’Gromperen da mëll sinn, gi se ofgeschott a 3-4 Minutte stoe gelooss.
Da ginn di gewäsche Bettseechegblieder mat dem Rescht vermëscht, a fäerdeg :-D
Comments