top of page
  • Writer's pictureWDBNK

Weekends-Schokokuch (vegan)

E super säftege Schokolaskuch mat engem Touch vun Päerdsbier. Genee dat Richtegt fir Sonndes um 4. ;-)


Duerch d’Dobäigi vun Päerdsbiergebees (wéi z.B. eisem Gewürzgebees) gëtt de Kuch super säfteg. D’Rezept ass ganz einfach, an de Kuch schmaacht superlecker :-).


Gebraucht gëtt:

  • 1 Dous Kokosmëllech

  • 125 Gramm Réizocker

  • 1 Tl Vanille

  • 1 Tl Kanéil

  • 80 Gramm Päerdsbiergebees (am beschte “Gelee”)

  • 180 Gramm Miel

  • 1 Pak Weinstein

  • 60 Gramm Kakao

  • 2 Il Sojamiel

  • 1 Pauz Salz

  • 5 Iessläffelen neutralen bis nossegen Ueleg


Alles 5 Minutten am Mixer dréine loossen.



An enger ausgefetteter a bemielter Baakform 40 Minutte bei 180 Grad baken.



Nom Baken däerf e 5 Minutten an der Form raschten, an dann op enger Hiertchen e bëssi auskillen. Déi Zäit ginn e puer Nëssercher geschielt, an am Bain-Marie


  • 80 Gramm Schokola geschmolt a mat

  • 1 décken Téiläffel Kokosnossbotter verréiert.




Dékoréiert gëtt dann no Loscht a Laun mat den Nëss z.B


  • Déck Nëss (Walnëss)

  • Hieselnëss

  • Erdnëss

  • Pistaschen a

  • gedrëschenten Äppelchips





0 comments

Recent Posts

See All
bottom of page