top of page
  • Writer's pictureWDBNK

Weeblad - E wonnerbaart Kraut

Dat spatzt (Plantago lanceolata) an dat breet Weeblad (Plantago major) loosse sech vun den Heelwierkungen an och an der Kichen d'selwecht notzen. Et ass e gesonden Dausendsassa dee schonn an der Antik vill Verwäertung fonnt huet. Den Numm Plantago kënnt vun Planta: Fousssuel. Bei laange Märsch an opkommende Blosen un de Féiss gouf e Bladëmschlag mam Weeblad gemaach fir kënne weiderzegoen.

Gesinn deet een d'Weeblad quasi iwwerall, an der Wiss a laanscht de Wee. Et ass eng Pionéierplanz déi och mol e Kär Streesalz erdréit.


Dat breet Weeblad dat bei eis hannert dem Haus an der Wiss wunnt.

Verwäertung an der Kichen:


Blieder: gi vun Abrëll bis Mee frësch als Zalot oder queesch zu der Faser klenggeschnëppelt um Brout giess. Am Smoothie gemixt oder wéi Spinat gekacht. Bis September kann ee Sauermous aus de Blieder maachen (pro Kilo Kraut een Iessläffel Salz mätsche bis Flëssegkeet austrëtt an am Glas beschwéieren), oder se fir Téi dréchenen.


Wann ee wëll dass d'Weeblad no Champignon schmaacht, léisst een ët 20 Minutte kachen. :D

Gutt ass do eng einfach Zëppchen, Schalotten a klenggeschnëppelt Weeblad undësten, a mat Geméisbritt a Planzemëllech 20 Minutte kachen. Champiblaadzopp.

Weeblad Zopp

Knospen: Sinn e wonnerbare Snack réi geknabbelt, an enger Zalot, ugebroden oder sauer ageluecht.

Som: August bis Oktober léist sech de Som plécken an d’selwecht wéi zum Beispill Läinsom verwäerten.

Als Heelplanz:


Weeblad, dee spatzen an dee breede wierken desinfizéierend a beschleunegen d'Wondheelung. Mee d'Weeblad ass net nëmme gutt frësch zerriwwen op Wonnen an Insektestéch, mee och ee vun de bekanntsten a verbreetsten Houschtkraider - duerch seng Wierkstoffkombinatioun a Qualitéit ass et ee vun de beschten Houschtmëttel iwwerhaapt. D’Schläimstoffer wierke géint den Houscht, berouegen a loossen esou Entzündungen besser ofheelen. D’Gerbstoffer entzéien de Bakterien hir Närstoffer, si si bluttstëllend a liicht lokalanesthetesch, also schmäerzstëllend. D’Kiselsaier festegt Geweebe a steigert d’Ofwierkraft, an de Zénk ënnerstëtzt d'Wondheelung.

Uwendung bei:

Entzündungen am Mond an Hals, Bronchit, Reizhouscht an Asthma. Äusserlech op Hautentzündungen, Wonnen, an Insektestëch.


Niewewierkunge vum Kraut si keng bekannt. Duerch seng gutt Verdréiglechkeet gëtt e besonnesch an der Kannermedizin vill benotzt.



Dat breet Weeblad (dat ass dat breet) an dat spëtzt Weeblad (dat sinn déi spatz Blieder) ;)


Beim Téi ginn et verschidden Zoubereedungen jee no deem fir wat et ass, well verschidde Wierkstoffkomponenten sech mat Waasser anescht aus deem gedréchente Kraut léisen:

4 mol den Dag 1 Läffel Drog pro Taass, mat kalem Waasser usetzen 30 Minutten zéien bei Reizhouscht.

4 mol den Dag 1 Läffel Drog pro Taass, waarm iwwerbréien 8 Minutten zéien als Téi bei Bronchit.

Tinktur: Kraider kleng schneiden, an e Schrauwglas zu 3/4 befëllen. Mat 40 % Alcohol iwwergéissen an 3 Wochen bei Zëmmertemperatur auszéie loossen, ofseien an 3x den Dag 1 Tl anhuelen. Am Waasser verdënnt, oder wéi bei der Boma um Stéck Zocker :-)



D'Weeblad bei eis virun der Dir

0 comments

Recent Posts

See All
bottom of page