Den Eefeu ass eng schéin, ëmmergréng Planz, déi jidderee kennt. Si ass fir de Mënsch am gëftegsten an hire Friichten, déi d’Villercher awer am Wanter mat Genoss knabbelen. Och d’Blieder si liicht gëfteg - fréier sinn d’Blieder ower an Noutzaiten den Déieren ënnert hirt Fudder gemëscht ginn, fir iwwert de Wanter ze kommen.
2010 wor en d’Arzneiplanz vum Joer. D’Blieder hu niddereg doséiert schläimléisend Eegeschaften, als Uelegauszoch ass den Eefeu hautstraffend an duerch seng Saponiner e gutt Wäschmëttel, wat d'selwecht ze verwäerten ass ewéi d’Seefkraut.
Empfindlech Haut, kann allergesch Reaktiounen weisen, dofir soll ee vir 't éischt testen ob dat de bei engem selwer de Fall ass. Den Ueleg also am beschten op enger klenger Platz opdroen, an ofwaarden éiert ee sech ganz domat areiwt. :)
Eefeu als Wäschmëttel:
Den Eefeu kann einfach esou an engem Säckelchen mat an d’Wäschtrommel fléien. Seng Saponine léise sech schon ab 40 °C, a maachen hieren Déngscht ganz gutt.
Wie léiwer e Flëssegwäschmëttel benotzt, kann einfach virum Wäschen en Téi aus de Blieder maachen (awer nët drénken!), léisst e 15 Minutten zéien, a benotzt deen dann. Do kann een elo nach e Läffel Natron oder Wäschsoda ënnerréieren ;)
Als Uelegauszug oder Sallef strafft d'Wantergréng, ewéi den Eefeu hei am Land och nach heescht also d'Haut. Am schnellsten geet do e Waarmauszoch vun de Blieder. En Amaachglas zu 2/3 mat Eefeublieder gefëlt a mat waarmem Ueleg iwwergoss. No engem Dag Duerchzéien ass e fäerdeg, an ët huet een Efeu-Ueleg fir sech anzereiwen.
Wie wëll, kann natierlech nach e bëssen ätheresch Uelecher dobäi ginn. Déi machen een angenehmen Doft an ënnerstëtzen je no deem d’Duerchbluddung, zum Beispill, wann ee Rosmarin-Ueleg hëlt.
Auszug:
1 Glas Eefeu Blieder
Waarmen Ueleg (Z.B. Olivenueleg)
evtl. äth. Ueleg
Sallëf:
Fir doraus eng Sallëf ze maachen, brauch een dat Ganzt elo just ofzeseien, ze erhëtzen, a mat Wues ze verréieren.
Pro 30 ml Eefeuauszoch
3gr Wues (z.B. Carnaubawues)
Comments