top of page
  • Writer's pictureWDBNK

Vegane Kraiderburger mat fruchteg-schaarfem Mirabellen-Chutney

Ët ass Mirabellenzäit! Eng gutt Verwäertung fir dat leckert Steenuebst ass dorausser een Chutney ze maachen. Een Chutney ass eng gehäerzten séiss-sauer, hei och e bësse pikant Zooss wéi een se an der indescher Kiche fënnt. Hei ass et d’Zooss déi eise wonnerbare vegane Kraiderburger a seng knuspreg Country-Potatoes begleet.



Fir de fruchtegen Chutney ginn zwou Knuewlékszéiwen mat zwou gedrëchenten Chillischoten, engem Téiläffel Moschterkären a Kreuzkümmelsom am Sonneblummenueleg ugebroden. Dobäi kënnt en Téiläffel Currypolfer an 500 Gramm entkäerte Mirabellen. Nom Ëmréieren därfen zwee Iessläffele Waasser, en Téiläffel Salz an e bësse schwarze Peffer mat dran. Maacht dann de Jus vun enger halwer Zitroun an e gudden Iessläffel Agavendicksaft derbäi. Zougedeckt däerf dat eng 8-10 Minutte brutschelen. Da gëtt den Chutney an eng Schossel ëmgefëllt an ofkille gelooss.


Da maache mir eis un d’Country-Style Bippercher. D’Grëmpercher gi mat der Schuel gevéirelst an an enger Schossel mat enger Pauz Salz an engem Schoss Ueleg vermëscht. Gitt roueg mat zwou Hänn dran, a kuckt datt Dir iwwerall Ueleg dru kritt ouni datt Dir es zevill benotzt: soss ginn se net knuspreg. Leet se dann an enger Lag op ee Bakpabeier. Déi kommen da fir 18 - 20 Minutten bei 200°C Ëmloft an de virgeheizte Schäffchen. De Burger ass komplett planzlech, an hält och ouni Ee wonnerbar zesummen. Fir d’Boulette gëtt eng Tas rout Lënsen zesummen mat enger Tas Quinoa an engem Dëppen mat enger Tas Routrommeljus an zwou an enger halwer Tas Waasser opgekacht. Da loosst der et mat zouenem Deckel op klenger Hëtzt 15 Minutten mëll ginn. Huelt äere Mixer fir d’Saache kleng ze hacken. Do kommen dran eng hallef Ënn, en halwe Bond Péiterséilech, e Grapp Bratzel, e Grapp Basilikum, an e Grapp Peffermënz souwéi och eis gekachten Quinoa-Lënse Mëschung.  Gewürzt gëtt mat Peffer a Salz. D’Mass gëtt ganz pëscheg. Duerfir am beschten mat naassen Hänn zwee Zantimeter déck platt Boulette formen. Dëss ginn dann am Sonneblummenueleg ugebroden bis se eng schéi Faarw hunn. Opgestapelt am Bréidchen gëtt no Loscht a Laun: mat gerapptenen roude Rommelen, Avocado, Tomat, Basilikum a Ruccola, frëschen Ënnen an eisem Mirabellen-Chutney. E gudden Appetit!

0 comments

Recent Posts

See All

Comentarios


bottom of page