De Batteralzem (Beifuss) ass schon zimmlech gutt gewuess. Zäit elo fir en ze profitéieren éieren an d’Bléi kënnt :-D
Ech benotzen e gären als Gewierzkraut: wéinst sengem héigen Undeel un äthereschen Uelecher ass hien immens stark am Goût an als Geméis manner ze gebrauchen. Awer déi jonk Blieder si lecker. ;-) Ech sammelen och elo schon am Fréijoer seng Blieder fir ze drëchnen a méi spéit als Téi ze benotzen.
Fir eis Mac’n Cashew brauch ech just e klenge Grapp voll Batteralzemspëtzten.
Fir dëse séiere Plat ginn d’Nuddelen gutt al dente gekacht a mat engem Deel vum Nuddelswaasser gëtt Zoss gemixt. Dëst zesumme mat
enger Tas Cashew’en
enger Zéif Knuewlék,
enger Tas Hiefflacken,
Peffer
An enger Pan hunn ech
Räuchertofu ugebroden, mat enger
gehacktener Ënn
enger Zéif Knuewlék
an dem gehacktene Batteralzem
Wann d’Nuddele fäerdeg gekacht sinn gëtt einfach alles vermëscht.Entweder ësst een se dann elo direkt, oder et gëtt een se an eng feierfest Schossel mat veganem Kéis fir ze iwwerbaken. Dobäi gouf ët eng wëll Zalot mat Bettseecheg, Knuewléksruccola, Vulleseemchen, Hiertentätschel, Daafnessel a Kierwel. Einfach lecker! :-D
Comments