top of page
  • Writer's pictureWDBNK

Sëlwerdaler asiatesch mat Robiniebléien

Updated: May 27, 2020

D’Baueregaartsplanz par excellence, de Sëlwerdaler, dréit am Moment seng e bëssen u Réidercher erënnerent Mange-touten. Zesumme mat de Robiniebléien liwweren se haut e séiss-schaarfe Snack.


D'Sëlwerdaler gi, fir se ze verschaffen, einfach aus hire "Rumme" gezunn. Déi sinn ze haart fir se ze iessen.

Lo ginn einfach

  • 1 Zéif Knuewelék

  • 1 Tl geriwwenen Ingwer

  • d'Sëlwerdaler

  • Peffer a Koriander an der Pan mat Ueleg ugebroden, driwwer kënnt

  • 1 Il Sojazoos

  • 1Il Agavendicksaft an alles gëtt gutt vermëscht


Fir ze zervéieren komme frëschen Chilli a Robiniebléien driwwer.



Ei! Lecker! :D


Well d'Lunaria sech all Joers selwer ausséint muss een onbedengt eng Reih Daleren un der Planz ausräife loossen, soss ginn ëtt d'Joer drop keng méi.

0 comments

Recent Posts

See All
bottom of page