top of page
  • Writer's pictureWDBNK

Spice-Latte (vegan)

E Spice-"Latte" huet d’Potential zum alldeeglechen Ritualgedrénks ze ginn - probéiert ët mol aus. :-)

Déi lecker wiermend Gewürzmëschung, déi a waarmen oder kale Mëllechen benotzt ka ginn, kann ee sech wonnerbar op Stock präparéieren.



Se besteet aus:


  • 2 Iessläffelen Kurkuma

  • 1 1/2 Iessläffel gemuelenen Ingwer

  • 1 Téiläffel Kanéil (Opgepasst richtegen gudden Ceylon-Zimt benotzen! Kee Cassia-Zimt, deen ass duerch den héige Cumarinundeel nët gesond a bevirdeelegt Entzündungen!)

  • 1 Téiläffel schwaarze Peffer

  • 1/2 Téiläffel gemörserten Kardamom


Doséiert gëtt dës Mëschung mat engem Téiläffel pro Glas Planzemëllech. Fir dës ze präparéieren gouf et an dësem Fall:


  • 1 Glas Waasser

  • 1 klenge Grapp Cashewen

  • 2 Dattelen

  • 1 Pauz Salz


am Mixer reng gemixt. 



An enger Cashewmëllech bleiwe keng Grimmelen wann een se an engem gudde Blender mixt, a se brauch deemno nët gefiltert ze ginn. :-)

Praktesch, praktesch :-D

D’Gewürzmëschung eegent sech natierlech och fir se beim Kachen anzesetzen. Am Léifsten broden ech se dofir am Ueleg mat dem Geméis un wat grad do ass :-)

0 comments

Recent Posts

See All
bottom of page