top of page
  • Writer's pictureWDBNK

Sonnegedrëchend Tomaten

Sonnegedrëchent Tomaten sinn onglaublech lecker!

Sou gesi se aus. A se schmaachen nach besser wéi se ausgesinn. :-D

Bei deene waarmen Temperaturen hunn ech mer geduet, ët kéint een déi vill Tomaten aus dem Gaart dëst Joer mol an der Sonn drëchnen. Wow! Onbedéngt probéieren!


Mir hunn e schéine Choix Tomaten am Gaart. ;-)

Ët geet super einfach, an d’Resultat ass ëmwerfend!

Einfach d’Tomaten deelen (Maximal an 3 Stécker ) liicht Salzen a mat Kraider no Choix bestreeën. Ech hat elo Basilikum an Oregano. 3-4 Deeg laang dobaussen op enger voll sonneger Plaz leie loossen. Géint gefrässeg Déiercher hat ech e Stéck vun enger Rido als Méckennetz emgewandelt an driwwergeluet. A voiläää :-) Boah, volle Goût!!

0 comments

Recent Posts

See All

Join our mailing list for updates, events and recipes

©2018 by WDBNK

  • Facebook Social Icon
  • YouTube Social  Icon
  • Pinterest Social Icon
  • Instagram Social Icon
bottom of page