top of page
  • Writer's pictureWDBNK

Sesam-Chiconen mat Reechertofu (vegan)

Wat ass dat e wonnerbaart Wantergeméis, esou e Chicon. Irgendwann kréien ech eng Chiconskëscht an de Keller :-)



Fir dëst Rezept brauch een de gudde Reechergoût vum Reechertofu. Et ass do wichteg ee Gudden ze kaafen, wäll net all Tofu schmaacht gutt, a besonneg bei deem Gereecherten ginn ët enorm Ënnerscheeder.



D’Chiconen ginn a 4 gedeelt, an de mëttelste Stronk e bëssi erausgeschidden, esou dass se nach zesummenhalen.

An enger Pan mat Ueleg gëtt fir 't éischt de geschnëppelten Räuchertofu knuspereg gebroden. Dee flitt duerno eraus aus der Pan, an d’Chicconen fléien eran. Sou kritt de Chicon alles vum Reechergoût mat wat ze huelen ass.


Hei gesäit een den Agavendicksaft brutschelen

Dëss gi ronderem gutt ugebroden dass se e bëssi Faarw kréien, gesalzt, gepeffert a mat engem Schotz Agavendicksaft verréiert. Mat zouenem Deckel därfen d’Chiconen 4-5 Minutten mëll ginn.



Dobäi kënnt dann en Iessläffel Sesam an den Tofu fir nach emol duerch d’Pan ze dréinen.



Beim Zervéieren kann dann nach je no Goût e bëssi Chilli driwwer.

0 comments

Recent Posts

See All
bottom of page