top of page

Schmorgurken an enger Brennnessel-Moschterzooss op Graupen

Writer: WDBNKWDBNK

Am Gaart sinn eng gefillten 3.000 Cornischongen zeideg. Déi kann een net alleguer sauer amaachen. Bon, dach, et kann een. Mee et kann een awer och vill aner lecker Platen domadder uriichten. Wéi zum Beispill Schmorgürkchen!


Lecker Schmorgürkchen mat Brennnessel-Moschterzooss a Graupen


Fir 't éischt setzt Dir d'Graupen op, well déi brauchen eng 30 Minutten. Déi fannt Dir an all gutt zortéierte BioButték als Rollgerste.


Da gitt Dir iech un d'Cornischongen.Duerfir huelt dir eng Ënn, schnibbelt se kleng, a brod se an engem Dëppen glaseg. Déi Zäit schneit Dir d'Cornischongen a Stëfter oder Rondelen a geheit se da bei d'Ënn. Do kommen elo nach Moschterkären drop, en décke Läffel Moschter a, e Läffel Currypolfer, Peffer a Salz. Geheit dann e grousse Grapp Brennnesselspëtzen dran. Da gëtt eng Béchs Kokosnossmëllech driwwer geschott. Dat Ganzt matenenee verréieren, a schmore loossen. Wann et gutt brutschelt, schneit Dir eng Tomat kleng a gitt se derbäi. Dat gëtt eng kleng Saiert, déi am Plat wëllkomm ass.


Gudden Appetit!



コメント


Join our mailing list for updates, events and recipes

©2018 by WDBNK

  • Facebook Social Icon
  • YouTube Social  Icon
  • Pinterest Social Icon
  • Instagram Social Icon
bottom of page