top of page
  • Writer's pictureWDBNK

Schaarfe Brennnesselcurry mat Hanfsom (vegan)

Brennnesselgoodness! :-) Et ass nees Zäit fir e lecker Curry ;-)


Stinging Nettle curry
E Curry ass ëmmer gutt. Mat Brennnesselen ass en och nach besser ewéi gutt.


Dofir hu mir eng Schossel Brennnessele gepléckt, a kuerz ofgewäsch. An enger Pan ouni Ueleg goufen 

  • Hanfsom, 

  • Sesam a 

  • Kokosraspelen 

ugeréischtert, an dann zesumme matt enger Dous Kokosmëllech an e Mixer ginn. An d’Pan koum dunn Ueleg fir d’Gewierzer “unzebroden”, dat waren

  • Moschterkären

  • gemuelene Koriandersom

  • Chilli Polver

  • Peffer

  • Kreuzkümmel

  • Kurkuma

  • Fenchelsom

  • Ingwerpolfer

  • ganz, gedrëchend Chillien

  • Asafoetida an Neelcheskäpp

Spices for curry
Looss däin Iessen deng Medizin sinn. Hei rëm wuertwiertlech. ;-)

Dobäi koum:

  • eng geschnidden Ënn

  • zwou Zéiwe Knuewelék Wann déi e bëssen ugedënst sinn

  • 3 gewierfelt Tomaten

  • déi gehackten Brennnesselen

  • an eis Zooss aus dem Mixer


Spices for the curry are being roasted
Schued datt een dat heiten hei net riche kann... E Genoss!

den Deckel drop, an da kann dat 3 Minutte kache. Fäerdeg :-D Fir ze zervéieren koum nach gehackte Peffermënz, Saueramper a ganzen geréischterten Hanfsom driwer.


Chopped stinging nettle
Eng Brennnessel wees sech ze verteidegen. An awer. Heiansto zitt se de Kierzeren. ;-)


0 comments

Recent Posts

See All
bottom of page