top of page
  • Writer's pictureWDBNK

Räiszalot mat Bettseechegbléien a Fréijoerskraider



De gekachtenen an ofgekillte Rais gëtt vermëscht mat enger Vinaigrette aus


  • 5 Iessläffelen Ueleg

  • 3 Iessläffelen Esseg

  • 1 zerdrécktenen Zéif Knuewlék

  • 1 Téiläffel Moschter

  • 1 Téiläffel gemuelene Koriandersom

  • 1 Iessläffel Sesam

  • 1 Téiläffel Agavendicksaft

  • schwarzem Peffer

  • a Salz



Drënner gemëscht gi gehackte Fréijoerskraider. Dat ka gäer no Loscht, Laun an Disponibilitéit variéieren. Hei woren ët:


  • e Grapp Bärlauchblieder

  • 3 jonk Schafgarbeblieder

  • 1 Still Peffermënz

  • 2-3 Blieder Magiskraut (Liebstöckel)

  • 3-4 Blieder Saueramper

  • 1-2 Spëtzten Dafnessel

  • 1 Spëtzt Batteralzem (Beifuss)

  • a 4 gezupfte Bléie vun der Pissblumm.


Natiirlech schmaacht dat och gutt mat enger Mëschung aus klassesche, frësche Kichekraider ewéi Bratzel, Péiterséilech, Basilikum... :)


Fir ze Zervéiere kann dann nach eng Bléi drop, an eventuell e bëssi Chilli, fir deen deen et gäer schaarf huet.



Wousst Dir schonns?


An de #Pissblummen / #Bettseecheg stécht méi Beta-Carotène wéi a Muerten!


Bettseecheg Pissblumm
Bettseecheg oder Pissblumm

Aner gesond Effekter vun der Pissblumm: Si hëlleft bei Verdauungsproblemer a Blähungen a bei entzündlechen Erkrankungen vun der Blos. Och äusserlech bei rheumateschen Erkrankungen an Ekzemen. Studien beleeë ausserdeem datt den Taraxasterol an der Blumm eng hemmend Wierkung ob Prostata-, Broscht-, Liewer-, Pankreas- an Leukämie Kriibszellen. Dat ass jo awer schonn net schlecht.

Benotzt ginn och déi jonk Blieder als Zalot oder als Bestanddeel am Smoothie. Wien et gäere méi "herb" huet, kann d'Zalot de ganze Summer iwwer iessen. 

D'Bléien ginn och e super Gebees of. Dat schmaacht wéi Hunneg. Einfach 200 Gramm Bléie vun allem Grings lass maachen, 5 Minutten an engem Liter Waasser kachen a 24 Stonne stoe loossen. Da mam Jus vun enger Zitroun a 500 gr Geléierzocker 2/1 opkachen a waarem an ausgekachte Glieser fëllen.

Am Hierscht zitt een d'Pissblummewuerzelen aus dem Buedem. Dës si räich un Inulin. Da kann een se direkt frësch als Téi iwwerbréien oder se dréchenen, oder geréischtert als Kaffiersatz benotzen. D' Pissblumm ass eng Beiewiseplanz déi d'Beien haut dringend brauchen. Also: Geheit se net aus dem Gaart. Dir an och vill Déieren hunn eppes dervunn! D'Schleeke bleiwen och léiwer bei de Pissblumme wéi am Geméisgaart. Ee Grond méi fir se gutt iwwert de Gaart verdeelt ze loossen.

0 comments

Recent Posts

See All
bottom of page