top of page
Writer's pictureWDBNK

Rousegebees (vegan)

E Rousegebees ass eppes Leckeres op der Schmier awer och fir bei Desserten.



Fir d’Rousegebees ginn d’Bléien déi mer gebraucht hu fir de Sirup ze kachen, zesumme mat zwou Louchen Sirup, an engem Pak Kal-Geléiermëttel (ze fannen am Biobutték) 4 Minutte gemixt. Wann een e Mixer huet ouni Messeren ass dat super, da bleiwen d’Bléieblieder ganz, an dat huet schon eppes, wann een déi nach erkennt. :-)

Mech huet bei deem ganze Rousendoft d'Muse gebass. Hei en Abléck a meng Gedanke beim Mixen:

An d’Hierz de Wand den Doft dir dréit, wann d’Blumm vun de Rousen faarweg bléit. De Schmierz vun der Welt, gëtt da vergiess, An d’Schmier mam Gebees zackzack och giess… hehe :-)

0 comments

Recent Posts

See All

Comentarios


bottom of page