top of page
  • Writer's pictureWDBNK

Roude Bärlauch-"Pesto" (vegan)

Wann de Bärlauch bis richteg ufänkt mat Wuessen, dann huet een e puer Wochen d'Méiglechkeet vill domat ze maachen. Ech wollt dat heiten d'lescht Joer schonns maachen, mee wou ech bis dozou komm wier,do war de Bärlauch schonns fort. Duerfir dann elo. An et war derwäert ze waarden. Dem Bëschknuewelék säi Goût ass fein, an awer staark genuch fir sech an der Kombinatioun mat gedéchenten Tomaten ze behaapten. Zesumme gëtt dat en deftege roude "Pesto".


Lecker roude Bärlauch-Pesto. D'Blimmchen ass eng Pensée, déi ass iessbar. ;)

A sou hu mir et gemaach:

  • 1 Glas gedrëchent Tomaten mat hirem Ueleg,

  • 1 frësch Tomat an

  • 1 Bond Bärlauch an

  • e bëssi schwarze Peffer

ginn am Foodprocessor gemixt. Wann Dir wëllt, kënnt Dir dat ganz reng mixen, ech wollt hei nach e bësse Stécker behalen, an hunn et e bësse graff gelooss. Hmmm... Ass et dann nach e Pesto? Ech mengen ech setzen dat mol tëschtent Gänseféisercher. :-)

An engem Dëppen oder Pan ouni Ueleg gëtt geschielten Hanfsom ugeréichtert.


1 Läffel Pesto gëtt erausgehalen fir herno iwwert de Plat ze ginn, de Rescht gëtt mat dräi Iessläffelen Kachwaasser gemëscht, an direkt mat de gekachtene an ofgesaitene Spaghettien vermëscht.


Beim Zervéieren, gëtt den Hanfsom iwwert de Plat ginn.



Fäerdeg! Gudden Appetit!

0 comments

Recent Posts

See All
bottom of page