top of page
  • Writer's pictureWDBNK

Romanesco mat enger Spinat-Cashew-Hanf-Zooss (vegan)

De Romanesco ass esou e schéint Geméis, an esou séier präparéiert :-)



Ee Romanescokapp gëtt am gesalzene Waasser mat enger Scheiwchen Zitroun 10 Minutte gekacht.



Fir Cashew-Hanf Zooss gëtt

  • eng Ënn mat e bëssi Rapsueleg glaseg gedënst.



Dës gëtt mat

  • engem Grapp Cashewen,

  • 1 Iessläffel geschieltenen Hanfsom,

  • 1 Téiläffel Geméisbrittpolver,

  • schwarzem Peffer a Muskat zesumme mat

  • 2 Louche vum Kachwaasser

gemixt.



De Spinat gëtt graff gehackt a mat der gemixtener Zooss 1/2 Minutt opkache gelooss.



Wie gäer e bëssi Schäerft um Plat huet, kann gedrëchenten Chilli driwwer ginn.


Gudden Appetit!

0 comments

Recent Posts

See All
bottom of page