top of page
Writer's pictureWDBNK

Rhubarbs-Eclairen


Dëst Rezept war en Experiment: kann een e klassegen Branddeeg vegan zoubereeden? Fazit: et schmaacht e bëssi aanescht, ass awer grad esou lecker! :)



Fir eis Mini Eclairen:


Dofir gëtt e Branddeeg gemaach. Deen ass nët méi schwéier maachen wéi soss een aaneren Deeg - just aanescht. :)



An enger Schësselchen ginn


  • 3 IL Soja/Süsslupinnemiel oder Vegg-Egg mat 90 ml Waasser verréiert


An engem Dëppe ginn


  • 4 IL Planzemargarin

  • 2 IL Zocker

  • 1 Pauz Salz mat

  • 250 ml Waasser


opgekacht.



Da gëtt d’Plakk ausgemaach an dodrann ginn


  • 150 gr Miel


gerouert.



Wann dat sech vum Buedem vum Dëppe léist, ass Zäit fir eis Mëschung aus der Schësselchen.


Dëss no an no ennerréieren, an esou laang ënnerhiewe bis den Deeg schéi geschmeideg ass an nët méi um Buedem pëscht.


An eng Sprëtztut gefëllt, ginn 6-8 Eclaire “gesprëtzt”.



Di däerfen elo 20 Minutten rouen. Da gi se mat e bëssi Planzemëllech bestrach a 35 Minutten am Schäffchen bei 190 °C gebak.



Da gëtt d’Schäffchensdir opgemaach, an d’Eclairen kënnen am Schäffchen mat oppener Dir auskillen.



Fir de Rhubarbspudding ginn:


  • 2 Staange Rhubarb gebotzt, a Stéckelcher geschnidden a mat

  • 1 IL Ueleg an engem Dëppen ugedënst. Dobäi kommen,

  • 400 ml Sojamëllech

  • 5 IL Zocker

  • Vanille

  • 1 Pauz Salz



An enger Schësselchen ginn


  • 100 ml Sojamëllech mat

  • 3 Il Speisestärke verrouert.


Dëst gëtt bei déi aner Saachen am Dëppe geschott, soubal d’Mëllech kacht.



Ënnerréieren, Plakk aus a fäerdeg.

Ass alles ofgekillt, ginn d’Eclairen domat gefëllt. :D



Op d’Eclairen koum en einfachen Zockergoss.



Fir datt en e bëssi Faarw krut hunn ech e Läffel Cassissirup drageréiert - do geet ower all aner Jus oder Sirup.


  • Pudderzocker

  • 1 Il Sirup oder Jus

  • 1 Il Waasser



Wann ee wëll, léisst een d'Eclairen einfach bei der Säit a mëcht sech einfach just de Pudding. Deen ass och ouni Deeg einfach nëmme lecker! :D


0 comments

Recent Posts

See All

Commentaires


bottom of page