top of page
  • Writer's pictureWDBNK

Quittelikör (vegan)

Fir Quitte-Likör unzesetzen ginn ët verschidde Méiglechkeeten. Hei zwou dervun:



Zum Beispill: Eng Fläsch mat breedem Hals, (z.B. vun Tomatepassata) zu eppes manner wéi 1/3 mat engem Zocker no Choix fëllen.



Kandis, wäissen Zocker, Apeldécksaft, Agavendécksaft, Kokosbléienzocker, Urzocker… all Versioun kritt en anere Goût :-)

Da gëtt d’Fläsch mat geschnëppelter Quitt gefëllt, an driwwer kënnt Alkohol. Z.B. Korn oder Vodka. Dat Ganzt därf dann 2-3 Méint zéien. Da gëtt dat ganzt duerch en Nylon geschott. Am allerbeschte funktionnéieren déi Nylonssäck déi ee kritt fir Nossmëllechen ze filteren.



Method 2: Mat Jus aus dem Dampfentsafter. D’Quitte fléien entfloomt an a 4 gedeelt an den Dampfentsafter bis de Jus eraus ass. Dodranner flitt dann den Zocker an et gëtt opgefëllt mam Alkohol. Pro 500 ml Jus kommen 250-300 Gramm Zocker an 700 ml Alkohol.




Method 3: Mat frësch-Jus. D’Quitte fléien an d’Jus-Zentrifug a ginn esou entsaft. D’Rezept bleift dat selwecht. Dat gëtt dann een naturdréiwen, batter-séisse Likör. Déi eng hunn et gäer (Déi de Quittejus och esou drénken), déi aner manner. ;-)



All Aart a Weis gëtt een aanere Goût Likör. Do kann een probéiere wat engem am beschte schmaacht.:-D

0 comments

Recent Posts

See All
bottom of page