top of page

Glaséiert Pastinake-Muerte-Geméis (vegan basics)

  • Writer: WDBNK
    WDBNK
  • Feb 20, 2019
  • 1 min read

Wien eng Bäilag brauch oder wie Loscht huet "just" Wuerzelen ze iessen, dee muss se net einfach am Waasser gekacht op den Teller leeën. :-D



Sou een Teller voll Pastinake-Wuerzel Geméis ass siedegend a voller Goût, eng Mëschung tëscht defteg a séiss, äerdeg a fein. Et ass immens präiswäert a séier geschitt.



Fir Iech ze verwinnen, huelt 1 Pastinak an 2 Muerten. Dës ginn a Stäbercher geschnidden an am Ueleg kuerz ugebroden.



Dann op niddereger Hëtzt a mat zouenem Deckel 7 Minutte brutschelen. Ofgeschmaacht gëtt da mat enger Pauz Salz, Peffer, Thymian an enger klenger Strutz Agavendicksaft fir alles ze glaséieren.



Eemol duerchgeréiert, nach an eng Minutt goe gelooss, däerf d’Geméis dann och schon zervéiert ginn.

Comments


Join our mailing list for updates, events and recipes

©2018 by WDBNK

  • Facebook Social Icon
  • YouTube Social  Icon
  • Pinterest Social Icon
  • Instagram Social Icon
bottom of page