top of page
  • Writer's pictureWDBNK

Paschtéitchen aus Champignonen a Péiterséilechwuerzel (vegan)

Dat heiten ass eng Paschtéit déi souwuel warm wéi och kal schmaacht a lecker ass mat Jelly oder ouni :-D



Fir d’Fëllung ginn:


  • 1,2 kg brong Champignonen

  • 1-2 Péiterséilechwuerzelen (alternativ Pastinaken)

  • 1 Muert

  • 1 Ënn


graff geschnëppelt, a mat 2 Iessläffelen Ueleg an e bëssi Thymian vermëscht.



Um Baakblech verdeelt däerf d’Geméis mat enger ongeschielten Zéif Knuewelék 20 - 25 Minutte bei 180 °C baken.



Fir den Deeg ginn:


  • 210 Ml Waasser mat

  • 150 Gramm desodoriséiertem Kokosueleg


opgekacht.



An enger Schossel ginn


  • 500 Gramm Miel

  • 2 Iessläffelen Sojamiel (oder Séisslupinemiel, oder veganen Ee-Ersatz)

  • 1 Tl Salz


verréiert, a mat dem kachende Waasser vermëscht.



Den Deeg gëtt zu engem geschmeidegen Deeg verkniet, an 10 Minutten zougedeckt op der Kichen roue gelooss.



Dat gebakend Geméis gëtt am Mixer mat


  • frëschem Thymian,

  • e Grapp Péiterséilech

  • 2 Il Sojazoos

  • 1 Il Sojamiel

  • a Peffer


gemixt.



Vum Deeg gëtt e bëssi méi wéi d’Halschend ausgerullt an an enger ausgefettener Bakform als Buedem ausgeluecht. De Rand soll e bëssi iwwerstoen.



D’Fëllung gëtt dra verdeelt an ët gëtt den Deckel ausgerullt fir driwwer.


Da gëtt de Kamäin ausgestach.

Bei sou enger Längt kann ee roueg 2 - 3 Lächer dramaachenn. Ech hat bei just engem e bëssi Krämpes fir de Jelly ze verdeelen :-)



De Rescht Deeg kann een dann huelen fir e bëssi ze verzieren.



Bei 190 Grad flitt d’Paschtéitchen dann elo fir +- 30 Minutten an de Schäffchen.


Déi Zäit gëtt e klenge Schotz Sojamëllech mat enger klenger Strutz Agavendécksaft verréiert.



Den Deeg soll liicht ugebrongt si wann e bestrach gëtt. Dann däerf en nach eemol 10 - 15 Minutte fäerdeg baken.





E Falschen-Champignons-Hues wier lo fäerdeg. Fir dorausser eng kal Paschtéitchen ze maache gëtt dat Déngen awer ganz auskille gelooss.



Da gëtt e Jelly gemaach:


  • 200 ml Riesling

  • 200 ml Geméisbritt

  • 1 Téiläffel Agar Agar

  • 1 Téiläffel Geléiermëttel fir Gebees (mat Pektin) gin kal verréiert, opkachen a 5 Minutten kächele gelooss.


Dëst däerf dann elo mat engem Triichter an de Kamäin gefëllt ginn. Dat geet zimlech lues, an ët brauch een e bëssi Gedold :-)



Wann de Jelly nëtt méi duerchleeft ass d’Form voll, De Rescht kann dann ob engem Teller ofgekillt gi fir donieft ze zervéieren.


A fäerdeg ass déi feierlech Paschtéitchen! Loosst se Iech gutt schmaachen! :-D



0 comments

Recent Posts

See All
bottom of page