Péiterséilechzalot mat Päerdsbieren (vegan)
- WDBNK
- Aug 12, 2018
- 1 min read
Dës schnell an onkomplizéiert Zalot schmaacht an deem waarme Wieder extra lecker :-)

1 kleng Tas réie Couscous gëtt mam Jus vun enger Zitroun an 1/2 klenge Glas Waasser iwwergoss. Dobäi kënnt eng geschnëppelt Tomat mat hirem Jus, Peffer a Salz.
Am Mixer (Food processor) gëtt 1/2 Ënn mat 3 Bond glatem Péiterséilech an engem Grapp Peffermënz gemixt.

Alles gëtt vermëscht a mat guddem Olivenuelech ofgeschmaacht. Fir ze zervéieren komme frësch Päerdsbieren driwwer, eis Planz vum Mount August 2018 op www.WatDeBauerNetKennt.lu ! :-D
Comments