©2018 by WDBNK

  • Facebook Social Icon
  • YouTube Social  Icon
  • Pinterest Social Icon
  • Instagram Social Icon
  • WDBNK

Niddelcherszalot - Italia-Style! (vegan)


Hey! Haut gëtt ët lecker Niddelcher :-D



An der Zaloteschossel gi

  • kleng geschnidden, gedrëschent Tomaten,

  • Kalamata-Oliven,

  • eng zerdréckten Zéif Knuewelék,

  • de Jus vun enger Zitroun,

  • 3 Läffelen Olivenueleg

  • a Peffer a Salz

mateneen verrouert, an da gekachten, ofgekillten Niddelcher ënnergemëscht.



Virum Zervéieren kënnt leckere Ruccola dran. Mhhh :-) Hei wor ët wëllen italienesche Ruccola aus dem Wëlle Gaart, dee mat de méi schmuele Blieder. Deen ass komplett wanterhaart a kënnt all Joers nees zréck, wiist richteg gutt an huet vill méi Goût wéi deen eejähregen. Wien e Gaart huet, kann sech roueg sou ee setzen, ët lount sech!



Zu den Oliven: Schwaarz Olive ass nët gläich schwaarz Olive… Déi meeschte si gréng gepléckt a gi mat Eisengluconat (E579) kënschtlech gefierwt, wëll dat am Endeffekt méi bëlleg ze produzéieren ass. Dësst ass zwar nët gesondheetsschiedlech, mee ët schmaacht een ët! Richteg schwaarz Oliven hu nët sou eng ganz däischter Faarw, sinn ower op mannst 1000x sou lecker. :-) Just sou als Randbemierkung ;-)