top of page

Momo mat Kale (grénge Kabes) a Mispelzooss (vegan)

  • Writer: WDBNK
    WDBNK
  • Nov 24, 2018
  • 2 min read

Eng gutt Méiglechkeet Reschter vu gekachten oder gequellte Gromperen ze verschaffen, ass d’Präparatioun vu Momo, eng Zort Ravioli wéi een se aus dem Tibet kennt.


ree

Den Deeg fir ongeféier 24 Momoën ass ganz einfach:

  • 250 Gramm Miel gi mat

  • 130 ml Waasser an

  • 3 Iessläffelen Ueleg

zu engem geschmeidegen Deeg vermëscht.


Fir d’Fëllung ginn

  • e walnossgrousst Stéck geriwwenen Ingwer, mat

  • 2 Zéiwe Knuewelék

  • 1 Iessläffel Curry Polfer an

  • e bëssi Koriandersom

am neutralen Ueleg ugebroden


ree

Dobäi däerf e bëssi Gréngs, an dësem Fall:


  • 3 Branchen entstronkten a klenggehacktene grénge Kabes

  • e klenge Grapp Hexekraidchen an (dee kann een och ewechloossen)

  • e Bond gehacktene Péiterséilech


Dat gëtt mat ugebroden. Dobäi gëtt dann

  • eng Schësselche gekachte Gromperen

duerch eng Press gedréckt, an alles gëtt vermëscht. Maacht d'Quantitéit op d'A. Alles wat iwwreg bleift ass och "onverpaakt" gutt ze iessen. ;-)

ree

Den Deeg gëtt gaaaanz dënn +-2mm ausgerullt. Mat enger Tas gi Rondelen vun +-9 cm Duerchmiesser gestach.


ree

An d’Mëtt kënnt d’Fëllung, da gëtt den Deeg zu alle Säiten eropgeklappt.



An engem Dëppe mat Dampfgarasaz därfen d’Momoen dann 6 Minutten kachen. Den Asaz am Beschten eng Kéier mat Ueleg areiwen, datt den Deeg nët dru pesche bleift.



Mispel Zooss:


Mhhhm! Sou lecker :-) Also:


Eng Schësselche voll Mispelen ginn an eng Schësselche mat Waasser gedréckt.

Dobäi kënnt e walnossgrousst Stéck Tamarinde-Past. Zesumme gëtt dat elo gutt gedrätscht bis d’Stängercher (Käeren) sech quasi vum selwen trennen. Dëss ginn erausgeholl.


ree

An engem klengen Dëppe ginn

  • geriwwenen Ingwer,

  • 1 gedrëchenten Chilli

  • 2 Knuewlékszéiwen

  • 1 Lorberblad

  • 2 Neelcheskäpp,

  • en Téiläffel Kreuzkümmelsom

  • 1 Iessläffel Currypolver

  • an en Iessläffel Liebstöckel am Ueleg

e bëssi ugebroden.


ree

Dobäi flitt eng geschnëppelt Tomat.


Wann déi e bëssi zerfall ass, kënnt de Mispeljus dobäi. Dee gëtt eng immens Sämegkeet.

D’Zooss gëtt eng 5 Minutte brutschele gelooss.

ree

Ofgeschmacht gëtt elo nach mat enger e bëssi méi décker Pauz Salz a Peffer. Wie keng Stéckelcher wëll, kann d’ Zoos och duerch eng Passette drécken, dat deet der Sämegkeet vun der Mispel nix. :-)


ree

Wie keng Mispele fënnt, eng Tomatepassata am Rezept amplatz géing och goen, an deem Fall keng Tamarinde benotzen mee eng butzeg Strutz Agavendicksaft, a se 5 Minutte méi laang kache loossen :-)

E gudden Appetit!!

Comments


Join our mailing list for updates, events and recipes

©2018 by WDBNK

  • Facebook Social Icon
  • YouTube Social  Icon
  • Pinterest Social Icon
  • Instagram Social Icon
bottom of page