top of page
  • Writer's pictureWDBNK

Mispel-Muerten Zopp (vegan)

November ass Mispel Zäit! No deenen kalen Nuechten sinn d’Friichten vun eiser Planz vum Mount November 2018 meeschtens scho vum Bam iessbar. Si se nach ze haart, muss een e bëssi nohëllefen. :-)



Haut gëtt ët eng Muerten-Mispel Zëppchen. Dofir ginn an engem Dëppen mat geschmachsneutralem Brotueleg

  • e walnossgrousst Stéck geraspelten Ingwer an

  • eng gehackten Ënn ugedënst.



Dobäi kommen

  • 1 kg geschielte Muerten

  • eng Gromper an

  • eng Schësselche voll entkäerten Mispelen.



Fir se ze entkäeren ginn ët e puer Méiglechkeeten:

Entweder schneid een d’Mispel duerch, dréckt direkt d’Kären eenzel eraus a puult d’Fruuchtfleesch erof, oder ët mëcht een dat Tamarinden-Style - dat gefällt mir perséinlech besser: ët fëllt een eng Schësselche mat Waasser, schneid d’Mispel ënnen of an dréckt alles ganz einfach an dat Waasser. Dat mëllt Fruuchtfleesch léist sech ganz problemlos vun senger Schuel. Wann een iwwert dee Wee d’Mispelen dann all “geschielt” huet, däerf een dann e bëssi mat de Fanger an dat Waasser piddelen a knätsche goen fir di déck Kären eraus ze drécken :-) Dat geet eigentlech ganz gutt.

D’Fruuchtfleesch gëtt dann natirlech mam Waasser an d’Dëppe geschott.



D’Geméis gëtt mat Waasser bedeckt. Dobäi kënnt déi entspriechend Quantitéit Geméisbrittpolver.

Ass d’Zopp da mëll gekacht, gëtt se mat frëschem Thymian, e bëssi Peffer a Salz crèmeg gemixt.

Driwwer passt geréischterte Sesam, Sesamueleg, an e bessi frëschen Thymian :-)



Gudden Appetit!



0 comments

Recent Posts

See All

Comments


bottom of page