top of page

Mispel-Brownie (vegan)

  • Writer: WDBNK
    WDBNK
  • Nov 12, 2018
  • 1 min read

Brownien ouni Miel sinn am Wanter meng Lieblingsdesserten :-)

ree

An dëser Versioun ass quasi de ganzen Deeg einfach nëmmen déi ausgedréckte Mispel! Also ass Käre rauspulen ugesot. :-)


ree

Eng Schësselchen voll Mispelfruuchtfleesch kënnt an de Mixer mat

  • engem Grapp Hieselnëss

  • enger klenger Tas richtegem Kakao,

  • enger Pauz Salz,

  • 2 Téiläffelen Ceylon-Zimt,

  • 1/2 Téiläffel Vanill a

  • gutt Agavendicksaft bis ët séiss genuch ass, roueg einfach schmaachen :-)


ree

Da kënnt dobäi

  • 1-2 Iessläffele Kokosmiel

  • 2 Iessläffelen Huewerflacken, an

  • 2 Iessläffelen Kokosueleg,

an da gëtt gemixt.


ree

Um Bakpabeier verdeelt däerf de Brownie 15 Minutten bei 180 Grad baken.


Driwwer passt super eng "Fake" Crème Anglaise:


Den iewechte, festen Deel vun enger Bio-Kokosmëllech gëtt mat uerdentlech Vanill, enger Pouz Salz, an enger Messerspëtzt voll Spice Latte Mix am Dëppen erhëtzt. Geséisst gëtt mat Agavendicksaft.


ree

Dee selwechten Deeg léisst sech ongebak als Knippercher dréinen. Déi ginn a Kokosflacke gewänzelt.


ree

Mhhm! Och lecker :-)




Comments


Join our mailing list for updates, events and recipes

©2018 by WDBNK

  • Facebook Social Icon
  • YouTube Social  Icon
  • Pinterest Social Icon
  • Instagram Social Icon
bottom of page