top of page

Lënse-Giersch Zëppchen (vegan)

  • Writer: WDBNK
    WDBNK
  • Sep 14, 2018
  • 2 min read

Am September gëtt ët moer an de Wëllkraider. Déi meeschte sin al an zéi, de Giersch gehéiert normalerweis och zu deenen :-)


ree

Op Platzen allerdings wou en am Summer ratzekal fortgeméint ginn ass, steet en elo nees mat schéine grénge Bliedercher. Eiert en sech dann elo nees fir de Wanter verkrëicht, kënne mer en nach e bëssi profitéieren :-)


ree
Frësche Giersch vu beim Noper hannert der Heck... :-D

Dofir koum en haut an eng Lënsenzëppchen. Zesummen mat Pastinakegréngs.


ree
Pastinakegréngs

An engem Dëppen ginn d’Bierglënsen am Waasser ouni Salz 30 Minutte gekacht. An där Zäit gëtt an engem aneren Dëppen den Deel mam Goût präparéiert :-)


Et ginn 2 Knuewelékszéiwen gehackt a mat 3 Neelcheskäpp an engem Lorberblad am geschmachsneutralem Ueleg ugebroden. Dobäi kommen zwee Iessläffele Moschtersom, an de klenggehacktenen Giersch an d’Pastinakeblieder. Alternativ léisst sech dat och duerch Wuerzelgréngs an Zellerie ersetzen :-)


ree

Gutt duerchgeréiert a mat ubrode gelooss. Da fléie no enger bis zwou Minutten 2 geschnëppelt Tomaten mat drann.


ree

Dat muss lo uerdentlech gesalzt ginn, sou 3/4 Iessläffelchen an e bëssi gepeffert ginn.

Déi gekachte Lënsen gi mat der Louche an d’Geméis ginn.


ree
Mmmmhhh.... :-D

Ofgeschmaacht mat Péiterséilech a Bratzelen an eventuell nach Salz.


ree
Lo gutt duerchréieren an zwou Minutten zéie loossen.

Ei! Sou schmaacht dëss Zëppi extra gutt wann ët schonns e bëssi méi frësch dobausse gëtt. :-)


ree
Knuspreg gebrode Baguette schmaacht extra gut derbäi.

ree
Klengen Tipp: E bëssen Zopp am Vitamixer fein püréiert als "Ram" beim Zervéieren benotzen.

De Buedemhielänner (Giersch) fënnt een op schietegen Plazen. Besonneg um Rand vu Bëscher oder hannert Hecken.

ree
De Giersch (Buedemhielänner) a sénger ganzer Pracht!

De Geroch an de Goût erënneren un eng Mëschung aus Wuerzelen a Péiterséilech. Giersch wiisst immens gutt, a war iwwer Jorhonnerte beléift well et dat éischt Geméis am Joer war, wat d'Leit mat Vitaminne versuergt huet. De Buedemhielänner huet vill Kalzium, Kalium, Koffer, Zénk, Mangan, Magnesium a Flavonoiden. Zudeems huet e 4 mol méi Vitamin C wéi Zitrounen, vill Vitamin A an Eewäiss. An net ze vergiessen: E schmaacht immens gutt - a kascht näischt. ;-)

Comments


Join our mailing list for updates, events and recipes

©2018 by WDBNK

  • Facebook Social Icon
  • YouTube Social  Icon
  • Pinterest Social Icon
  • Instagram Social Icon
bottom of page