top of page
  • Writer's pictureWDBNK

Lorberquitten (vegan)

Updated: Nov 23, 2018


Hutt Dir och nach ëmmer Quitten um Bam hänken? Wat e Quitte Joer, immens! :-)



Eng Méiglechkeet der nach e puer als Reserv anzekachen si lecker Lorber-Quitten! Déi schmache wonnerbar kal oder warm als Dessert, oder als Beilag zu engem deftege Plat. An d’Rezept ass ganz einfach!



D’Quitte gi mat engem Kichenduch oder mat der Geméisbiischt entfloomt, a vum Kärgeheis befreit. An ongeféier gläich grouss Stécker geschnidden gi se mat Waasser an engem Sprutzer Zitroun bedéckt, a mat der gläicher Meng Zocker am Dëppen opgesat. Dobäi kommen e puer Lorberblieder.

D’Quitte brauchen ongeféier 10 Minutten fir duerch ze sin. Am Beschte gi se nët ze mëll, soss zerfale se gär.


An ausgekachte Glieser gefëllt, si se eng super Reserv fir am Wanter :-)

0 comments

Recent Posts

See All
bottom of page