top of page
  • Writer's pictureWDBNK

Kürbis-Apel Zopp "Marrakesch" (vegan)

Fir d’Zëppchen ginn an engem Dëppen mat Ueleg,

  • Knuewelék,

  • Kreuzkümmelsom,

  • Fenchelsom,

  • Moschtersom,

  • en halwe gedrëschenten Chilli,

  • an e walnossgrousst Stéck Ingwer, geriwwen


Immens gutt passen do geréischtert Kürbiskäeren, Kürbiskäerueleg a Saueramper derbäi

ugebroden, bis de Knuewlék liicht brong ass.


Dodra kënnt en décken Iessläffel Tomatemuerg an eng kleng geschnëppelt Ënn. Dat gëtt lo gutt duerchgerouert, an dobäi kënnt dat klengtgeschnëppelt Geméis.


Dat wieren:


  • en Hokkaido,

  • zwee Äppel,

  • zwou Muerten,

  • zwou Gromperen,

  • an 3 Tomaten.



Gutt duerchgerouert, an eemol mat ugebroden, flitt duerno eng Dous Kokosmëllech driwwer. D’Dëppe gëtt lo sou héich mat Waasser opgefëllt, bis d’Geméis quasi ganz bedeckt ass. Gewürzt mat engem klenge Gräppche Salz an enger mini Pauz Peffer a Kanéil. Däerf dat elo mëll kachen.

Da gëtt alles gemixt. :-)

Fir driwwer schmaacht immens gutt am Ueleg gëlle gebrodenen Knuewlék oder geréischtert Kürbiskäeren, Kürbiskäeruleg a frësche Saueramper.

0 comments

Recent Posts

See All
bottom of page