top of page
  • Writer's pictureWDBNK

Kurkuma Tagliatelle mat zweeerlee Routrommel (vegan)


Bei sou schéine frësche roude Rommelen ass ët e Genoss dat leckert Geleef mat ze verwärten :-D Einfach mat Knuewelék an der Pan gebroden an ofgeschmaacht mat Peffer a Salz ass ët dobäi och nach ultra séier geschitt.



Hei gouf aus der Knoll eng Zooss gemaach, an driwwer koum d’Geleefsgeméis.


D’Tagliatelle ginn am Salzwaasser mat engem Läffel Kurkuma dra gekacht.



An enger Pan ginn déi geschnidde Knollen mat Knuewelék ugebroden. No 4 Minutten fléien se mat engem Läffelchen Geméisbrittpolver, e bëssi Peffer an zwou Louchen vum Nuddelswaasser an de Mixer.

An d’Pan flitt elo dat geschnëppelt Geleef, a gëtt och mat Knuewelék ugebroden.



D’Niddelcher ginn ofgeschott, ower 4-5 Iessläffele Waasser huele mer eis eraus fir d’Geleef ofzeläschen. Ofgeschmacht gëtt mat Peffer an eventuell Salz.



Ugeriicht gëtt dat Ganzt mat liicht geréischterten Nëssercher, an engem gudden Nossueleg.

0 comments

Recent Posts

See All
bottom of page