top of page
Writer's pictureWDBNK

Kraider-Bliederdeegsnack

Einfach, schnell zoubereet an ultra lecker - gedeelt als Snack oder mat enger Zalot als Plat.

De Schäffche gëtt virgehëtzt op 210°C.

Als Basis gëtt

  • eng Passette voll lëschtegt Sammelsurium u Bladgeméis a Kraider - ech hat Spinat, Péiterséilech, Beinwell, Gänsefouss, Schafgaarbe, Klettenlabkraut, Weeblad, Bettseecheg, an e bëssi Beifuss

  • 2 Zéiwe Knuewelék

  • 1 Il Hiefflacken

  • Peffer a Salz an e klenge

  • Schotz Olivenueleg gemixt. Dem

  • Bliederdeeg gëtt e Rand gediebelt an déi gemixte Kraider drop verdeelt. Driwwer kënnt eng geschnëppelt

  • Fleeschtomate (oder ganz Tomate Cerisen)


Am Schäffchen dierf dat 15 Minutte baken. Fir ze zervéieren kënne frësche Ruccola, Chilli, an e Läffel Nossparmesan driwwer. Eisen Nossparmesan wor dëss Kéier gemixt aus

  • engem décke Grapp Maccadamia

  • 2 Il Hiefflacken

  • 1 Tl Salz





Mmmmmhhh... ;)

0 comments

Recent Posts

See All

Komentarze


bottom of page