top of page
Writer's pictureWDBNK

Kolrabi Schnitzelen mat Sesam-Kolrawen-Zalot (vegan)

D’Kolrabien oder d'Kolrawe wéi se och genannt ginn, sinn ewell esou déck ginn ewéi Kannerkäpp. Héich Zäit also eppes draus ze maachen :-)

Ët gi Kolrabi Schnitzelen ob geraspelten Sesam-Kolrabi-Zalot.



Fir de Schnitzel gëtt en Deeg gerouert aus

  • enger halwer Schësselchen Käichermiel,

  • enger Pauz Salz,

  • engem Läffel Currypolver

  • an esou vill Waasser, dass en déckflëssegen Deeg entsteet.



De Kolrabi gëtt a Scheiwe geschnidden, déi am beschten nët méi déck ewéi 1 cm sinn. Déi ginn am Deeg gewenzelt an domat bestrach an dann an enger Pan mat Ueleg ob mëttlerer Hëtzt lues gëlle brode gelooss.



Wëll de Kohlrabi sou déck wor, ass en Drëttel dovu réi geraspelt ginn. Gutt bei Kohlrabi passt de Goût vu Sesam. Duerfir ass en ugemaach gi mat:

  • 2 IL Sesam Ueleg

  • an e bëssi Peffer



Bei réiem Geméis schaffen ech gär ouni Salz, d’Geméis ass esou voll Goût, dass dat nët néideg ass, ët gëtt souguer labbereg an naass dovun :-)


Driwwer koumen gehackten Hieselnëss, an e schnellen Hanfschaum:


  • 2 IL Hanfsom mat

  • Peffer a Salz an

  • 300 ml kachendem Waasser


am Highspeedblender ob héchster Stuf mixen. De Schaum sammelt sech 1 Minutt nom mixen uewendrop.



Dobäi gouf ët gequellten Urgromper an ugebrode Kolrabiblieder. E gudden Appetit!



0 comments

Recent Posts

See All

Comentários


bottom of page