top of page

Koko Macchiato - Befleckte Kokosnoss! ;-)

Writer: WDBNKWDBNK

Fir all d'net-Italiener déi dat heite liesen: Macchiato heescht Tatsaach "befleckt". ;-)



Kennt Dir dat och? Heiansdo huet een eng immens Loscht op esou ee gudde rieseg grousse Fréistécks-Kaffi. Sou ee wou een sech d'Lëpsen ofleckt no all Schlupp an een d'Gefill huet, all d'Zäit vun der Welt ze hunn.


De Koko-Macchiato hei erfëllt déi Geloscht voll a ganz :-)


Dofir gëtt Kokosmëllech aus der Béchs erhëtzt (nët gekacht) an obgeschaimt. Ab an e schéint Glas an dodrop kënnt e gaaaanz staarke Kaffi. 



Dir wäert gesinn, dee schmaacht séiss, ouni datt een e muss séissen. An en ass lecker! :-D

 
 

Comments


Join our mailing list for updates, events and recipes

©2018 by WDBNK

  • Facebook Social Icon
  • YouTube Social  Icon
  • Pinterest Social Icon
  • Instagram Social Icon
bottom of page